E Méindeg huet Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert, cibléiert Steiererliichterungen, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen, ze proposéieren.

Et gesäit esou aus, wéi wa Sputt am Budget wier, fir eng cibléiert Steiererliichterung an Héicht vun 500 Milliounen Euro ze maachen. Dat huet d'DP-Finanzministesch Yuriko Backes e Méindeg de Mëtten no der zoustänneger Budgetskommissioun an der Chamber matgedeelt. Steierkreditter fir Salariéë mat Paie vu bis zu 100.000 Euro d'Joer oder méi wieren denkbar a sollen dann retroaktiv op den 1. Januar 2023 wierken. LSAP a CSV begréissen dës Annonce.

Steierkreditter / Rep. Diana Hoffmann

Fir d'éischt misst elo awer emol nach ofgewaart ginn, wéi sech déi finanziell Situatioun vum Land an der Kris weider entwéckelt. De Budget géing nach bis Enn Abrëll lafen, sou d'Finanzministesch.

Et géing sech erausstellen, datt 2022 mat engem Defizit ofgeschloss gëtt, mä dee wäert 500 Milliounen Euro manner héich sinn, ewéi am Oktober nach erwaart. Dat ass de Käschtepunkt vun enger Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun, deen d'Finanzministesch de leschten Abrëll hei op RTL genannt hat. Am Communiqué vun e Méindeg geet awer just Rieds vu Steierkreditter. D'Ministesch wéilt awer de Sputt vu 500 Milliounen Euro eleng fir d'Stäerke vun der Kafkraaft vun de Stéit benotzen.

Éischt Reaktiounen

Den Dan Kersch, LSAP-Spriecher am Steierdebat am Hierscht Zejoert, war deemools schonn iwwerzeegt, dass den Defizit, wéi ëmmer, net esou héich géing ausfale wei erwaart an datt deemno Sputt fir eng Steierreform do wier. Bis wäit an d'Mëttelschicht missten d'Leit elo entlaascht ginn, esou den Dan Kersch:
 
"Iwwert de Wee muss nach diskutéiert ginn. Steierkreditter ass mat Sécherheet ee vun de Weeër. Et gëtt och anerer. Mee sou wäit an sou prezis war d’Ministesch de Mëtten nach net."
 
Vun enger exzellenter Noriicht schwätzt Diane Adehm vun der CSV. Déi breet Mëttelschicht, déi d'Kaddospolitik vun der Regierung géing finanzéieren, misst entlaascht ginn. Wéi een dat sollt ugoen, do ass een awer anerer Meenung:
 
"Mir als CSV hunn ëmmer gefrot, dass d'Steiertabell soll inflatiounsberengegt ginn. Well mer einfach gesinn, dass et déi Leit sinn, déi schaffe ginn, déi immens vill Steiere bezuelen. Dofir si mer der Meenung, dass een do soll kucken, deene Leit och eppes zréck ze ginn."
 
Dëst wier den Ament awer net dran. Et misst een nämlech oppassen, dass d'Scholden net 30 Prozent vum PIB depasséieren, erkläert d'Yuriko Backes:
 
"Upassung vun der Steiertabell, dat si strukturell Depensen. Depensen, déi all Joer zréckkommen. Do schwätze mer jo vu 600 Milliounen. Dat wat mer elo maachen an enger Krisesituatioun, dat ass eppes, wat fir dëst Joer gëllt. Eventuell och fir d'nächst Joer."

Dat géing dann och der neier Regierung an deem Fall Zäit ginn, fir un enger Steierreform ze schaffen, déi an den Ae vun der Ministesch indispensabel ass.

Finanzministesch zu der Upassung vun der Steiertabell
E Méindeg huet Finanzministesch Yuriko Backes annoncéiert, cibléiert Steiererliichterungen, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen, ze proposéieren.