
Kuerz virun 20 Auer e Samschdeg den Owend war et an engem Supermarché um Kierchbierg zu enger Ausernanersetzung tëscht zwou Frae komm.
Wéi d'Police op Nofro hi confirméiert huet, hätt eng vun deenen zwou Fraen déi aner wärend dem Sträit mat engem Cutter attackéiert a si dobäi liicht blesséiert. D'Beamte waren op der Plaz an hunn e Rapport vum Tëschefall geschriwwen.
E weidere Fall vu Kierperverletzung gouf et da kuerz virun 23 Auer an enger Wunneng zu Duelem. D'Affer gouf op der Plaz vum Rettungsdéngscht versuergt a koum duerno an d'Spidol. De presuméierten Ugräifer gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.
Am meeschte gelies