
© RTL-Archiv
Nach ëmmer ass et eng traureg Realitéit, déi weltwäit iwwer 200 Millioune Frae betrëfft an eng schwéier Mënscherechtsverletzung duerstellt.
Déi dacks onhygienesch an ouni Narkos duerchgefouert Beschneidung vun de Geschlechtsdeeler vu jonke Meedercher a Puppelcher ass net nëmme liewensgeféierlech, mä och dono kann et schro gesondheetlech a psychologesch Suitten ginn - an dat dacks e Liewe laang. Spéider riskéiere Mamm a Puppelchen zum Beispill, en Accouchement net z’iwwerliewen.
E Freideg war an dem Kontext de Vernissage vun enger Sensibiliséierungs-Ausstellung am Biergerzenter, déi vun der Stad Lëtzebuerg an der ONG Padem organiséiert ass. De Programme d'Aide et de Développement destinés aux Enfants du Monde ass mat humanitäre Projeten ënnert anerem am Senegal am Asaz.
Do kläre si déi lokal Populatioun ronderëm d'Risike vun der Beschneidung op. Bannent de fënnef Joer, an deene si schonn an der Regioun Matam direkt un der Mauretanescher Grenz sensibiliséieren, sinn d'Fäll vun dëser archaescher Traditioun vun 81 Prozent op 60 Prozent erofgaangen, erkläert d'Magali Getrey, Fondatrice vun der Organisatioun Padem. D'ONG schätzt, datt och zu Lëtzebuerg eng 600 op Lëtzebuerg immigréiert Fraen a Meedercher betraff sinn. All Joer riskéieren eng weider ronn 100 jonk Meedercher beschnidden ze ginn, wa se an de Vakanzen an der Heemescht sinn.
D'Verstümmlung vun de weibleche Geschlechtsdeeler gëtt an iwwer 30 Länner op der Welt praktizéiert, haaptsächlech um afrikaneschen an asiatesche Kontinent, souwéi am Noen Osten.
D'Expo "L'excision est une réalité, au Sénégal comme au Luxembourg" am Biergerzenter an der Stad leeft nach bis den 17. Februar.