D'Finanzministesch Yuriko Backes hat d'lescht Woch geziilt Steiererliichterungen an Aussiicht gestallt.

Déi cibléiert Steiererliichterunge ginn RTL-Informatiounen no eréischt no der Fuesvakanz diskutéiert. An engem interministerielle Grupp an tëscht den dräi Regierungsparteien also, sollen d'Form, d'Montanten an d'Dauer vun deenen Erliichterungen iwwerhaapt emol festgeluecht ginn.

D'DP-Deputéiert Carole Hartmann, déi huet en Dënschdeg de Moien hei op der Antenn d'Approche vun hirer Parteikolleegin Yuriko Backes verdeedegt an op d'Fuerderunge vun de Gewerkschaften OGBL a CGFP reagéiert. Steierkreditter wiere manner komplex a méi séier ewéi eng Upassung vun de Steierbarèmen un d'Inflatioun.

Ginn déi nei Steiererliichterungen da gestaffelt, esou ewéi de Steierkredit "Energie", deen den 1. Abrëll ewechfält wann d'Indextranche déi em ee Joer verréckelt gouf ausbezuelt gëtt? "Dat kann een duerchaus mengen ech diskutéieren", esou d'Carole Hartmann. D'Modalitéite wéi de Steierkredit no Abrëll "dann amplaz" kéim, wiere nach "à voir".