Et zirkuléieren ëmmer nach Honnertdausende Lëtzebuerger-Frang-Schäiner
© RTL-Archiv
Zu Lëtzebuerg sinn och méi wéi 20 Joer no der Aféierung vum Euro nach ëmmer Honnertdausende Schäiner a Lëtzebuerger Frangen am Ëmlaf.
Enn zejoert waren et nach ronn 864.000 Schäiner am Wäert vu knapp 5 Milliounen Euro. Bal 800.000 100-Frang-Schäiner sinn nach am Ëmlaf. Si hunn e Wäert vun ëmgerechent bal 2 Milliounen Euro. Och knapps méi wéi 10.000 5.000-Frang-Schäiner am Wäert vun 1,3 Milliounen Euro zirkuléieren nach.
Dat geet aus enger parlamentarescher Fro um LSAP-Deputéierten Mars Di Bartolomeo un d'Finanzministesch Yuriko Backes ervir.
Bei der Zentralbank kann een déi Lëtzebuerger Schäiner och nach ëmmer ëmtauschen. Dowéinst geet d'Zuel vun de Schäiner am Ëmlaf och all Joer liicht erof. Déi belsch Schäiner kann een iwwerdeems just bei der belscher Zentralbank zu Bréissel géint Euroen tauschen.
D'BCL huet bis elo nach keen Datum festgeluecht, op deem d'Schäiner vun de Lëtzebuerger Frangen net méi kënnen ëmgetosch ginn. Bei den Mënz war de Stéchdatum allerdéngs schonn den 31. Dezember 2004.