Et war bal wéi bei enger Filmpremière e Samschdeg de Moien am Kinepolis um Kierchbierg. Honnerte Leit hate sech am Sall 1 versammelt.

Allerdéngs net fir en neie Blockbuster ze kucken, mä fir dobäi ze sinn, wann den LSAP-Kaderprogramm fir d'Gemengewale virgestallt gëtt. Insgesamt hu 565 LSAP-Memberen um Kongress deelgeholl, vun deene 469 dann och op der Plaz waren. De rouden Teppech war net ausgeluecht, dofir huet di rout Faarf awer bei der Kleedung an der Dekoratioun dominéiert. Wéi kann een an dësen Zäiten eppes anescht si wéi Sozialist? Mir sinn hei, mir si prett a mir sinn zesummen! Mat dëse Wieder hunn di zwee Spëtzekandidaten fir d'Gemengewalen an der Stad, d'Maxime Miltgen an de Gabriel Boisante, den uerdentleche Nationalkongress um Samschde Moie lancéiert. Op dësem gouf dann och de Motto, mat deem d'LSAP an d'Gemengewale geet, presentéiert. De Sozialisten no ass et "Zäit fir staark sozial Gemengen!".

D'LSAP huet sech weider moderniséiert, sou de Co-Parteipresident Dan Biancalana virum grousse Kinosécran. Iwwert déi lescht Méint wiere ronn 400 nei Memberen der sozialistescher Partei bäigetrueden, dorënner vill Jonker.

D'LSAP wier do fir Politik mat de Leit a fir d'Leit ze maachen. Et wier een net "No bei dir", mä matzen an der Gesellschaft. Iwwerdeems leet d'LSAP Wäert drop, am Superwaljoer d'Jugend matzehuelen. Déi Jonk an der Gesellschaft sollen net just nokucke, mä matbestëmme kënnen. Dofir plädéieren d'Sozialisten och fir e Walrecht vu 16 Joer un.

D'Gemengewale wieren net just e Virspill fir d'Chamberwalen. Grad bei der Lokalpolitik wier Biergerbedeelegung wichteg an och méiglech.

Natierlech goufen awer och di grouss Regierungsthemen um LSAP-Walkongress ugeschwat. Dorënner d'Aarbechtszäitverkierzung, fir déi sech d'Partei weider asetzt an den Index.
"Mat der LSAP gëtt den Index net ofgeschaaft an och net gedeckelt", sot d'Francine Closener. "D'LSAP war, ass a bleift déi dreiwend Kraaft an eisem Land", sou d'Co-Parteipresidentin weider.

Et wier net egal, wien an der Regierung a wien am Inneministère d'Soen hätt. An et wier och net egal, wien an de Gemengen d'Soen hätt, dofir wier et Zäit fir méi LSAP, dat géif dem Land gutt doen, sou d'Inneministesch Taina Bofferding um Kongress. Et wier un der Zäit, dass d'Schäfferéit géife rout ginn.

Um Enn vum Kongress huet déi designéiert national Spëtzekandidatin vun der LSAP an aktuell Vize-Premierministesch Paulette Lenert d'Wuert ergraff. Si huet versicht d'Leit am Sall z'encouragéieren a weider ze motivéieren, fir sech via d'sozialistesch Partei fir d'Lëtzebuerger Land a Gesellschaft anzesetzen. Jidderee kéint sech engagéieren a mat Iddien abréngen. An der LSAP géif op eng Debatte-Kultur gesat ginn, d'Stäerkt vun der Partei léich an der Diversitéit. "Nëmmen zesumme brénge mer et fäerdeg ze iwwerzeegen", esou d'Schlusswierder vun der Paulette Lenert, fir déi et um Schluss vun Kongress eng Standing Ovation gouf.

D'Sozialiste wëllen de Walkampf fir d'Gemengewalen dann de 16. Mee zu Déifferdeng offiziell lancéieren.