Kritik u staatlechem Accueil vu Flüchtlingen
Ongeféier d'Hallschent vun de ronn 4.600 Ukrainer, déi aktuell zu Lëtzebuerg liewen, sinn a Strukture vum Staat, dat heescht vum ONA, ënnerkomm.
An de leschte Méint ass den ONA awer ëmmer erëm a Kritik gerode wéinst senger Gestioun vun dëse Strukturen a sengem Ëmgang mat de Flüchtlingen.
Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, komme fir d'éischt an de Centre de Primo Accueil um Kierchbierg. Och ee Joer nom Ufank vum Krich an der Ukrain schlofen d'Leit hei nach ëmmer an Zelter. Am Dezember hu si musse stënterlech relogéiert ginn, well den Heizungssystem u seng Limitte komm war.
Kritik gëtt et och um Encadrement vun onbegleete Mannerjäregen. Dat ënnert anerem vum Ombudsman fir Kanner- a Jugendrechter. An de Strukture géif et un Encadrement fir d'Kanner, un Intimitéit oder Réckzuchsméiglechkeeten feelen.
De Charel Schmit bedauert och, datt d'Leit an deene Strukturen an der Inaktivitéit gehale ginn. Si däerfen zum Beispill dacks net selwer kachen.
Änlech Téin komme vun der Associatioun LUkraine. D'Infrastrukturen an de Foyere wieren net adequat, fir Familljen opzehuelen. Kanner hätte kaum Plaz, fir ze spillen oder ze léieren.
Ausserdeem géifen d'Leit sech fille wéi am Prisong. Dat kënnt virun allem doduerch, dass an de Foyeren e sëllege ganz strikt a fir d'Leit dacks onverständlech Reegele gëllen.
Zum Beispill gëtt all Entrée a Sortie vun de Gardienen notéiert. Dat géif allerdéngs gemaach ginn, fir ëmmer ze wëssen, wéi vill Leit um Site sinn, zum Beispill am Fall, wou et brennt, esou den ONA op eis Nofro hin.
Am gréisste Foyer, dem Bâtiment T um Kierchbierg, dierfen d'Leit, déi do wunnen, dann och keng Gäscht an hiren Zëmmer empfänken a mussen dofir extra Raim reservéieren.
Obschonn eng Kichen um Site ass, dierfen d'Leit wéi gesot net selwer kachen. Si dierfen hiert Iessen och net mat op d'Zëmmer huelen.
D'Better an den Zëmmere sinn nummeréiert a gi vum ONA un d'Leit verdeelt. Better, voir Zëmmeren ze tauschen, zum Beispill, fir mat Leit zesummen ze wunnen, déi ee kennt, ass net méiglech.
Derbäi kënnt, datt d'Infrastrukturen dacks schlecht ënnerhalen a futti solle sinn. Explikatioune vum ONA dozou krute mir op Nofro keng.
De Budget vum ONA läit bei ronn 180 Milliounen Euro d'Joer. Eleng fir de Gardiennage ginn eng 50 Milliounen Euro investéiert. Den Entretien, d'Exploitatioun an d'Locatioun vun all de Gebaier kascht eppes méi wéi 37 Milliounen Euro am Joer.