En Dënschdeg de Moie war d'Aarbecht an de Flüchtlingsfoyeren Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Ze vill Acteuren, ze komplizéiert an deen, dee verantwortlech ass, ass net op der Plaz"... de Generaldirekter vun der Caritas Marc Crochet huet en Dënschdeg de Moien de staatlechen Accueil vun den ukrainesche Flüchtlinge kritiséiert.
D’Caritas ass ee Partner, zoustänneg fir déi sozial Betreiung an de Foyeren. Gestionnaire wäre se awer net, dat wär déi staatlech Verwaltung ONA, den Office National de l’Accueil.
Mir si leider net ganz zefriddenen mam aktuelle Modell vun der Gestioun vun den Flüchtlingsfoyeren, seet de Marc Crochet. Et géif kee ginn, dee fir dat Ganzt zoustänneg ass. D’Caritas wär bereet, dat z’iwwerhuelen.
D’Kommunikatioun wär schrecklech komplizéiert. Et géif ze vill Verwaltungsvirgäng ginn an d’Mënschlechkeet géif esou op der Streck bleiwen. Et gëtt och eng extern Gardienage-Firma, déi méi kascht wéi déi sozial Betreiung. All Entrée a Sortie géif kontrolléiert ginn, och déi vun de Sozialaarbechter. De Marc Crochet stellt sech eng Partnerschaft anescht vir.
D’Gesetz vun 2015 wär ganz onglécklech. Am Zentrum géif eng Verwaltung stoen – den ONA – mat strikte Reegelen. Fir Flüchtlingsstrukture ginn et och wéineg Reegelen. D’Gebaier brauchen zum Beispill keen Agrément ze hunn.
Eng 4.600 Mënschen aus der Ukrain sinn aktuell hei zu Lëtzebuerg, d’Hallschent dovunner ass a Foyeren ënnerbruecht.
Am Primo-Accueil géifen nach ëmmer Zelter op d’Leit waarden. Am “Bâtiment T” um Kierchbierg sinn aktuell 800 Leit ënnerbruecht, warscheinlech kéint een 3.000 Leit do hisetzen, fäert de Caritas-Generaldirekter. Et ass dee gréisste Foyer, e Bürosgebai, dat net den ideale Virstellunge vum der Caritas entsprécht. 50 Leit wären ideal, sou de Marc Crochet, mat 150 kéint een eens ginn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.