Fir d’Finanzéierung vun dësem Zentrum sinn Zouschëss iwwer de Klimafong an iwwer de sougenannte "Just Transition Fund" ugefrot.

De gréngen Energieminister Claude Turmes sot bei der Presentatioun e Mëttwoch: "Wäermepompelen, Photovoltaik an Elektromobilitéit, dat sinn eigentlech, mat der Renovatioun oder der Isoléierung vun de Gebaier déi dräi Kär-Techniken, fir ewechzekommen vun de fossilen Energien".Fir dass dat geléngt, brauchen d’Betriber Mataarbechter, déi sech mat deenen Techniken auskennen. De Michel Reckinger, President vun der UEL a selwer Patron vun engem Installatiounsbetrieb, stellt awer fest: "Mir fannen keng um Marché, déi dat dote kënnen, dofir musse mer se selwer ausbilden."

Deemno, esou de Claude Turmes, wier de Centre de compétences "d’Schnëttstell, fir datt dat, wat mer politesch wëllen, och um Terrain ukënnt". 

Den Marc Ant, den Administrateur délégué vun de Centres de Compétences vum Handwierk um Krakelshaff zu Beetebuerg, sot: "Mir wäerte virgesinn, eppes ëm 1.000 Leit ze forméieren an deene nächsten 2-3 Joer. Verschidden Niveauen iwwregens, net nëmmen eng Formatioun, sondern et gi verschidden Niveauen vu Formatiounen".

D'Offer riicht sech net nëmmen un d’Mataarbechter vun den Handwierksbetriber, mä och un d’Memberen vum Ordre des architectes et des ingénieurs (OAI): "A mir wëllen och, an dat ass och schonn de Fall, fir Gemengen a staatlech Verwaltungen zur Verfügung stoen".  Déi sinn et schliisslech, déi esou nei Installatiounen an Techniken plangen, geneemegen an ofhuelen.

Op d’Fro, ob d’Léiermeedercher a Léierbouwen déi nei Techniken net an hirer Beruffsausbildung bäibruecht kréien, äntwert de Michel Reckinger ganz diplomatesch: "D’Basis-Ausbildung ass eppes ganz Schwéierfälleges an och ganz schwéierfälleg, fir se z'adaptéieren. A mir gesinn einfach, datt dee ganze Marché vill méi séier ännert, wéi eis Schoulen et fäerdeg bréngen, sech op déi Ännerungen anzestellen. Also fir d’Fro ze beäntwerten: mir mussen et selwer an d’Hand huelen, fir datt mer dat kréien, wat mer brauchen".

Fir d’Finanzéierung vun dësem Zentrum um Krakelshaff zu Beetebuerg, sinn Zouschëss iwwer de Klimafong an iwwer de de sougenannten "Just Transition Fund" vum Fonds social européen ugefrot.

Säit d’Centres de compétences vum Handwierk viru ronn 8 Joer gegrënnt goufen, hätten iwwer 44.000 Leit eng Formatioun do ofgeschloss. Am meeschte Participanten haten d’Formatiounen iwwert d’Sécherheet an d'Gesondheet am Ëmgang mat Maschinnen.

Neie Centre de compétences / Reportage Michèle Sinner