Fréiere Chef vum Etat-MajorMario Daubenfeld vun ADR bei Fokus gewiesselt

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro hin erkläert hien, datt et no der Demissioun vum Roy Reding als ADR-Gemengeconseiller an der Stad "net méi richteg gaangen ass".

De Mario Daubenfeld ass nämlech aus de consultative Kommissioune vun der Stad ausgetrueden, well d’Nofollgerin vum Roy Reding, d’Marceline Goergen, och net méi an der ADR ass.

Firwat hie bei Fokus gewiesselt ass, begrënnt de Mario Daubenfeld domadder, datt de Programm vun der neier «biergerlecher» Partei vum Frank Engel (fréier CSV) a Marc Ruppert (fréier DP) him «passt».

De fréiere Generol wéilt an der Gemengepolitik an der Stad aktiv bleiwen an net an d’Chamberwalen matgoen. Hien ass nämlech der Usiicht, datt et schwiereg ass, béides ënnert een Hutt ze kréien. Dowéinst hat hien och scho seng Plaz an der nationaler Spëtzt vun der ADR d’lescht Joer op hirem Kongress ofginn.

Bei de Gemengewalen 2017 war de Mario Daubenfeld 4. op der ADR-Lëscht an der Stad ginn. Bei de Chamberwalen 2018 gouf hie 7. bei der ADR am Zentrum.

Back to Top
CIM LOGO