D'Police mellt en Tëschefall hënt um Boulevard Royal an der Stad bei deem eng Persoun liicht blesséiert gouf.

De Mann wier vir d'éischt aus ongekläerte Grënn vun 3 Persounen attackéiert a blesséiert ginn. Dobäi wier hien op d'Strooss gefall, dat virun en Auto, dee wollt laanscht fueren. De Chauffer wier dunn erausgeklommen an hätt de blesséierte Mann mam Fouss gerannt, iert e wollt weider fueren. De Mann hätt sech dunn, fir dat ze verhënneren, nach um Auto festgehale a wier e puer Meter matgeschleeft ginn. De Chauffer gouf kuerz drop vun der Police fonnt a festgeholl. D'Affer koum mat liichte Blessuren an d'Spidol.

D'Police huet vun e Freideg op e Samschdeg dann 2 Persounen ugehalen, déi ze vill Alkohol consomméiert haten. Dat war géint hallwer 4 zu Dikrech, wou e Mann mam Motor un hannert dem Steier geschlof huet, a kuerz viru 6 de Moie fréi tëschent Schëffleng a Keel, do hat en alkoholiséierte Chauffer eng Pann.

Weider mellt d'Police, datt e Freideg am Nomëtteg e Mann op der Gare festgeholl gouf, deen handgräiflech gi wier, wéi d'Beamten e kontrolléiere wollten. Am Rives de Clausen wier an der Nuecht op e Samschdeg géint 3 Auer e Mann vun 3 anere Männer beklaut ginn. Op der Gare an zu Schëffleng wieren an de leschten Deeg Drogendealer gepëtzt ginn.