Wat hire Karriären am ëffentleche Statut ugeet, gesi sech d'Bréifdréier par Rapport vu Polizisten oder Douanieren diskriminéiert.

Wat d’Opbesserung vun hire Karriären ugeet, gëtt et, dem President vun der Bréifdréieschgewerkschaft no no jorelaangen Diskussiounen den Ament e klenge Liichtbléck. Op hirem Nationalkongress zu Walfer huet de Raymond Juchem präziséiert, dass de Minister fir d’Fonction Publique fir an de Woche nom Kongress eng Entrevue an Aussiicht gestallt hätt, fir op hir Fuerderungen zréckzekommen. D’Bréifdréier gesi sech, wat hir Karriären am ëffentleche Statut ugeet, par Rapport zu de Polizisten, Douanieren an esou weider diskriminéiert. Deenen hir 3 Joer Arméi mat paralleller Schoulzäit gouf nämlech unerkannt. Am Fall wou si awer keng Satisfaktioun kréichen an och am Kontext vum neien Harmonisatiounsgesetz wier een zu iwwer 300 Bréifdréier prett, Recours virum Verwaltungsgeriicht ze maachen, warnt de Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft.

De Raymond Juchem iwwert Recours virum Verwaltungsgeriicht

Hir Aarbechtskonditioune géingen ënnert der vum Staat gefuerderter Digitaliséierung leiden, donieft kéinten duerch de Minus u Recetten Aarbechtsplazen a Gefor geroden, monéiert de Raymond Juchem, deen e Samschdeg um Nationalkongress vun der Bréifdréieschgewerkschaft als President confirméiert gouf. Dat neit Ëmweltgesetz, dat 2024 a Kraaft trëtt, géif d'Publicitéit op Pabeier viséieren. Fir de President bedeit dat op en neits en Abroch vun de Recetten.

Am Beräich "Colis" géif een als Bréifdréier carrement mat Päck zougeschott, mä de Kontrakt tëscht Post an Amazon géif ugangs nächst Joer auslafen a wéi et weider géing goen, wier net kloer, weess de Gewerkschaftschef Raymond Juchem.

De Raymond Juchem iwwert Amazon

Well hir Aarbecht d’intérêt économique général wier, sollt de Staat iwwer eng finanziell Ënnerstëtzung nodenken, amplaz dass d’Aarbechtskonditioune stänneg méi schlecht géifen. D’Zoumaache vun de Postbüroen, Epicerien oder Tankstellen, déi op eemol hir Servicer ubidden, oder d’Plënneren an d’Akafszentren an domadder verbonnen, eng Verschlechterung vun den Aarbechtszäiten. An dat alles just fir profitabel ze sinn.Domadder misst Schluss sinn, fuerdert d’Gewerkschaft vun de Bréifdréier a proposéiert eng Zort Biergerzenter als Alternativ.

De Raymond Juchem fuerdert e Biergerzenter

Als Gewerkschaft wier ee mat 800 Memberen, mat Leit mat vill Wëssen a politesche Kontakter an net ze vergiessen mat enger CGFP am Réck, gutt opgestallt, fir d’Intressie vum Personal vun der Post ze vertrieden.