Laang war d'Wunn-Offer fir Leit mat geeschtegem Handicap op klassesch Foyere mat grousse Wunngruppe begrenzt. An de leschte Joren huet dat evoluéiert.

De klassesche Foyer, wéi vill Leit en nach am Kapp hätten, géif et quasi net méi, erkläert d'Mireille Weber, Chargée de Direction vun der APEMH. Hir Wunnforme si ganz ënnerschiddlech an de jeeweilege Besoine vun de Leit ugepasst. Dat geet vun Haiser fir Leit mat méi déiwer Behënnerung, déi permanent Betreiung a Soine brauchen, hin zu ganz autonome Wunnformen, wou d'Leit ausserhalb wunnen a just punktuell Ënnerstëtzung kréien. Am Reportage léiere mir dräi ënnerschiddlech autonom WGe kennen.

Bei de Wunnméiglechkeete fir Leit mat enger geeschteger Beanträchtegung gëtt hautdesdaags net méi vu "Foyeren", ma vun Haiser a vu WGe geschwat. D'Offer ass méi grouss ginn a méi divers, d'Wunngruppen allgemeng méi kleng a familiär an de Fokus läit méi um méiglechst autonome Wunnen.

D'Laura Righetto, Responsabel vum Nidderkuerer Haus erkläert, dass et laang Zäit üblech war, bei den Elteren ze wunne bis et net méi gaangen ass an eréischt dann d'Urgence an enger Wunnstruktur placéiert ze ginn. Dat hätt dann och deelweis zu engem negative Bild oder Angscht virum "Foyer" gefouert. Haut géif een e Mentalitéitswiessel mierken: "Déi méi jonk Generatioun huet vu sech aus de Wonsch, vun doheem fort ze kommen an hiert eegent Liewen ze hunn."

Den aktuellste Projet vun der APEMH ass hir éischt inklusiv WG, wou Leit mat an ouni Handicap zesummewunnen. Et ass e Pilotprojet, wouwéinst se sech un déi konkret Ufuerderungen un d'Bewunner fir d'éischt emol eruntaaschte missten. D'Persoune mat Handicap bezuelen e reguläre Loyer, d'Persounen ouni Handicap bezuele just d'Charge ma ënnerschreiwen e Benevol-Kontrakt, an deem se verspriechen, op d'mannst 10 Stonnen d'Woch Zäit mat hire Matbewunner ze verbréngen.

Si hate sech vill Demanden erwaart - virun allem vu Studenten – ma et war net esou einfach, Matbewunner ouni Handicap ze fannen, wéi d'Mireille Weber erzielt. De Projet wier villäicht nach ze ambitiéis:  "Mir schwätze vill vun Inclusioun, mir wäre scho frou wa mer bei Integratioun heiansdo wären – si mer awer net." Esou eng inklusiv WG op d’Been ze stelle wier dofir nach eng Erausfuerderung, awer esou Projete wiere wichteg, fir en Zeechen ze setzen an de Prozess un d’Rullen ze bréngen.