Pensiouns- a Biergerfong solle fir méi Wunnraum suergen
Et kéint een aus dem Pensiounsfong eraus an Immobilien investéieren a mat engem Biergerfong e neie Finanzproduit erausbréngen. Déi aner Parteie reagéieren.
D’DP wëllt a Saache Schafe vu Logement méi kreativ ginn. Et kéint een aus dem Pensiounsfong eraus an Immobilien investéieren an mat engem Biergerfong e neie Finanzproduit erausbréngen, an dee jidderee kéint seng Erspuernisser abezuelen, fir mëttel- a laangfristeg och en anstännege Rendement ze kréien.
D’Kapital aus dem Biergerfong géing de Staat dann an de Logement investéieren, sou de liberale Parteipresident Lex Delles um leschte Gemengewalkongress. Dat do wier alles näischt Neies, äntwert de Gros vun den anere Parteien a mengt, et sollt een hei d’Patte vun de Pensiounsreserve ewechloossen.