Zwou Persoune bei Brand zu Kanech blesséiert, Feier a Bushaischen "Um Schinker"

Den 112 mellt dräi Accidenter vun e Samschdeg op e Sonndeg, grad ewéi e Brand an engem Bushaischen an op engem Späicher um fréie Sonndegmoien.
Op der N10 tëscht Maarnech an der DoosberBréck koum et géint 21 Auer zu engem Accident, bei deem awer kee blesséiert gouf. Am Asaz waren d'Rettungsdéngschter vun Housen a Clierf.
Kuerz virun 2 Auer an der Nuecht goufen d'Rettungsdéngschter vun Hesper op den CR162 tëscht Alzeng an Haassel geruff, nodeems hei en Auto an e Bam gerannt ass. Och hei gouf et keng Blesséierter.
Bei engem Brand op engem Späicher vun engem Haus zu Kanech an der Éiter Strooss goufen zwou Persoune blesséiert. Si goufe vun den Ambulanciere vu Kanech, Mutfert a Réimech versuergt. D'Pompjeeë vu Mäertert a Réimech waren op der Plaz, fir d'Feier ze läschen.
Donieft mellt den 112 nach e Feier géint 1.50 Auer am Bushaischen "Um Schinker" an der Haaptstrooss zu Holztem. D'Pompjeeë vun Housen waren op der Plaz an et ass bei engem Materialschued bliwwen.

© Domingos Oliveira / RTL
E weidere Blesséierte gouf et bei engem Accident e Sonndeg de Moie géint 5.46 Auer op der A1. D'Rettungsdéngschter aus der Stad war um Asaz.