D'europäesch Institutiounen ënnersoen hire Mataarbechter de Gebrauch vun der Plattform Tiktok op Aarbechtsapparater.

Dat wéinst Bedenken a Punkto Datesécherheet.

De Grand-Duché geet den Ament fir d'Mataarbechter vum Staat nach net esou wäit. Et géing een d'Saach awer am A behalen, heescht et aus dem Ministère fir Digitaliséierung.

Et hätt een och zesumme mat anere Länner weider Informatioune bei der Kommissioun ugefrot, äntwert den zoustännege Minister Xavier Bettel den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo a Biancalana op eng parlamentaresch Fro.

De Minister Bettel erënnert un d'Charte de bonne conduite a recommandéiert generell, bei kommerziellen Online-Zerwisser virsiichteg ze sinn.