Hei soll e Mann, deen en Audi fiert, aner Automobiliste menacéiert hunn. Police-Informatiounen no soll d'Persoun virdrun zu Hoen gewiescht sinn.

Dat an enger Affär vu virun 10 Deeg. Samschdesowes géint 20.30 Auer koum et an der Klengbettener Strooss zu Stengefort zu engem Sträit tëscht Automobilisten. De Chauffer vun engem Audi mat belsche Placken hat d'Leit an engem aneren Auto menacéiert.

An dee Mann soll méi fréi am Owend an engem asiatesche Restaurant an der Haaptstrooss zu Hoen gewiescht sinn, zesumme mat zwee Männer an enger Fra. Gäscht, déi deen Owend och do am Restaurant waren, sollen sech wgl. bei der Police vu Capellen-Stengefort mellen.