Géint 18.00 e Méindeg den Owend war eng Fra op engem Vëloswee tëscht Miersch a Schëndels ugegraff ginn.

Op der Héicht vun der Rue Hermann Gmeiner zu Miersch, hat e Mann si vun hanne géint hire Wëllen ugepaakt. Der Fra war et schliisslech gelongen, virum Ugräifer ze flüchten. Si war direkt op de Policekommissariat vu Miersch gaangen.

De presuméierten Ugräifer war no der Attack op enger elektrescher Trottinett an Direktioun vun der Rue Hermann Gmeiner fortgefuer. Obwuel d'Police direkt eng Enquête an d'Weeër geleet hat, konnten d'Beamten den Täter net méi fannen.

De Verdächtegen soll tëscht 16 an 18 Joer al sinn a südlännesch Originnen hunn. Hien hätt eng éischter korpulent Statur, mëttellaang Hoer a war schwaarz ugedoen. Hie war mat enger elektrescher Trottinett ënnerwee.

Alleguerten d'Informatioune si fir de Policekommissariat vu Miersch. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 90 1000 oder via Mail.

An enger éischter Versioun vum Artikel war rieds vun 21.30 Auer, d'Police schreift elo vun 18 Auer.