Knapps 1.000 Mol war d‘Police zejoert wéinst haislecher Gewalt am Asaz An der Moyenne sinn dat 3 Asätz pro Dag.

60 % vun den Affer si Fraen, d'Hallschent vun den Täter gëtt réckfälleg.
D'Police kann zanter 2003 eng sougenannte "Wegweisung" op der Plaz maachen. Den Täter, meeschtens e Mann, muss da seng Saache paken an duerf 14 Deeg net méi an d'Wunneng. Am Kader vun deem 20-järege Bestoe vun deem Gesetz, hat de Gläichstellungsministère op eng Table ronde mat Acteure vun der Police,  dem Parquet, der Wëssenschaft an den Associatiounen aus dem soziale Beräich, invitéiert. Dobäi goud kloer, dass de Staat an d'Associatiounen um Terrain an der Fro vum Afferschutz divergent Vuen hunn.

Wéi d'Anne Metzler vun der asbl "Taboo" erkläert, wier haislech Gewalt net nëmme Schloen. Et kéint och ganz subtil mat psychologescher Gewalt ufänken. Dacks géifen d'Affer och d'Schold bei sech selwer sichen: "Da gëtt gesot: 'jo hie war ebe gestresst, a wann ech mech net ëmmer esou opreizend géif undoen, da wier hien och net esou jalous'. Also et ass eng permanent psychologesch Entwäertung". Éier et zu engem kierperlechen Iwwergrëff kéim, wieren am Virfeld ëmmer nees Grenzen iwwerschratt ginn: "Wéi bei engem Fräsch, deen an der Bidde sëtzt an d'Waasser ëmmer méi waarm gëtt, bis de Fräsch verbrennt ouni et ze mierken".

D'Saach mam Dateschutz

Wann et da bis esou opfälleg gëtt, dass d'Police heem kënnt, kann den Täter ob Uerder vum Parquet fir 14 Deeg aus der Wunneng geholl ginn. D'Beamte mussen op der Plaz aschätzen, ob d'Situatioun eskaléiere kéint an eng Gefor fir d'Affer besteet. Nëmmen da kënne si esou ee Verweis ufroen. Si kéimen an eng Situatioun, déi net einfach anzeschätzen wier, erzielt d'Kristin Schmit, Generalsekretärin vun der Police. Fir eng Evaluatioun vun der Persoun ze maachen, géif een iwwer e längeren Zäitraum Date vun hir brauchen, an dat géif heiansdo duerch den Dateschutz verhënnert. Sie wënscht sech dofir eng Upassung an deem Beräich.
Och de Parquet ass op méiglechst vill Informatiounen ugewisen, fir am Fall vun haislecher Gewalt eng richteg Decisioun ze huelen. Dofir wier et wichteg, dass si esou vill wéi méiglech Informatioune kréien, esou de Laurent Seck, Substitut Principal vum Parquet: "Wa mir dat wëssen, da kënne mir och eng ganz aner Decisioun huelen. D'Entscheedunge vum Parquet kënnen och emol falsch sinn, mä da kënnt et am Normalfall zu nach enger Plainte, an da kënne mir och aner Moossnamen ergräifen. Mä d'Aschätzung vum Parquet kann och mol falsch sinn, well d'Affer der Police net alles erzielt oder den Täter seng Dot bagatelliséiert."

"Den Täter net verdäiwelen"

De presuméierten Täter muss sech no esou engem "Wegverweis" bei der Associatioun "riicht eraus" mellen, fir eng Consultatioun matzemaachen. Nëmmen ee Gespréich géing dobäi awer net duer, erkläert d'Laurence Bouquet. Et misst ee jo kucken, wou de Problem genee léich, an dat geet net an engem eenzege Rendez-vous. Wann déi Leit keng Hëllef vu Bausse kréichen, wier et immens schwéier, aus der Gewaltspiral erauszekommen. Déi meescht géinge sech immens schummen an et géif hinne schwéier falen, sech d'Gewalt anzegestoen. Bei si kéimen net déi typesch "Haustyrannen", mä Leit, déi an enger bestëmmter Situatioun d'Kontroll verluer hätten. "D'Dot verurteelen, jo- den Täter net. Gewalt geet guer net, dat ass ganz kloer, mee e Mënsch bleift e Mënsch an huet och gutt Säiten."

Eng Trennung, a méi Misär wéi virdrun

Och wann de gesetzleche Kader Méiglechkeete fir Affer- an Täterhëllef bitt, hëlt just e Véierel vun de Betraffenen déi och un.
Dat läit engersäits un der Schimmt, esouwuel fir d'Affer, mä och fir d'Täter. Donieft ass fir d'Affer d'Trennung mat villen emotionalen a finanzielle Problemer verbonnen. Fir d'Anne Metzler vun "Taboo" ass de gréisste Problem de Logement: "Elengerzéiend, dann d'Versprieche vun engem REVIS, do fanne mir einfach näischt. Déi meescht bleiwe, well se kee Choix hunn. Op der Strooss sëtze geet jo och net." Vill Frae géifen och fäerten, dass hinnen d'Kanner ewechgeholl ginn oder vum Expartner géint si benotzt ginn.

Aner Acteure vum Terrain erzielen, dass dacks d'Plaintë fale gelooss géifen, well net genuch Beweiser do wieren, an dass Betraffener einfach ze vill Angscht virum Täter hätten, dee jo dann dacks nach op fräiem Fouss wier.

Wéi mat Wiederholungstäer ëmgoen?
2021 goufen et zu Lëtzebuerg 249 Wegweisunge wéinst haislecher Gewalt. A 45 % vun de Fäll waren et Widderhuelungstäter, déi schonn eng Kéier vun doheem expulséiert goufen oder bei deenen d'Police schonn emol wéinst haislecher Gewalt huet missten agräifen. Wéi mat Täter a Widderhuelungstäter ëmgoen? Am Kader vun der table ronde huet di Schwäizer Kriminologin Bettina Riederer e Mëttwoch de Moien op Invitatioun vum Chancegläichheetsministère e Virtrag zum Sujet gehal. D'Raphaëlle Dickes huet sech mat hir ënnerhalen. Dat komplett Gespréich kënnt Dir am Video kucken.

Wann och dir Fäll vun haislecher Gewalt kennt oder selwer erlieft, mellt Iech w.e.g bei der Police um 113 oder bei der Helpline 20 60 10 60. Weider Infoe fannt Dir och um Site vu Femmes en Détresse oder op www.violence.lu.