Lëtzebuerger Wirtschaft krut wéinst de Krisen e Knacks, wier awer net gebrach

Et war eng Legislatur mat ville Krisen, d‘Lëtzebuerger Wirtschaft krut e Knacks, ass awer net gebrach, ënner anerem well de Staat intervenéiert ass.
Esou kuckt d‘Fondatioun IDEA op déi zweet Mandatsperiod vun der Dräier-Koalitioun zeréck.
Rieds geet net vun engem Bilan, mä vun enger Retrospektiv.
2018 stoungen d'Zeechen op Expansioun. Brexit, Pandemie a geopolitesch Kris hunn der Lëtzebuerger Wirtschaft duerno awer zougesat.
Budgetär Margen hunn et erlaabt, datt de Staat enger Rei Acteure via verschiddene Mesurëpäck ënnert d'Äerm konnt gräifen. De Vincent Hein vun IDEA:
"De Staat huet eng Positioun vum Assureur a leschter Instanz a Stabilisateur ageholl.
Och gouf de Sozialdialog mat Tripartites-Accorde relancéiert."
Allerdéngs drécken déi Interventiounen haut bëssen op d‘Staatsfinanzen. A punkto Inflatioun kënnt de Grand-Duché besser derduerch ewéi aner europäesch Länner. De Konsum ass nach net erëm um Niveau vu virun der Pandemie.
An der Retrospektive vun IDEA geet da Rieds vun engem Lëtzebuerger „miracle de l‘emploi“. D'Ioana Pop:
"An engem Kontext vu Polykrise goufen nawell méi wéi 17.000 Aarbechtsplaze geschaf. Et ginn där Plaze 70.000 méi wéi viru 5 Joer. Trotz der Pandemie ass den Emploi 1,6% erop gaangen. Just 3 europäesch Länner haten do e positiven Taux. Déi zwee aner ware Malta an d'Belsch."
Bei der Fondatioun hu se d'kal Progressioun ënner d'Lupp geholl an emol d'Rechnung gemaach, wat d'Net-Upassung vun de Steierbarèmen ausmécht.
Nach emol de Vincent Hein:
"Doduerch, datt d'Barèmen net indexéiert waren, huet et erlaabt d'Contributioun zum PIB a punkto Recetten bei de Persounen ëm 0,6 Punkten erop ze drécken."
Generell gesinn, muss eng nächst Regierung eng Partie Indicateuren am A behalen, esou Idea. D'Croissance ass manner staark ginn, den Exporter geet e bëssen d'Loft aus, d'Produktivitéit pro Kapp huet nogelooss, de Revenu National Brut pro Kapp geet erof och an de PIB pro Awunner stagnéiert.