Husky Technologies
Ofbau vun 155 Aarbechtsplazen zu Diddeleng

Dat well de Betrib verschidde Produiten net méi wëll produzéieren.
D'Gewerkschaften LCGB an OGBL fannen et iwwerdeems inakzeptabel, dass d'Personaldelegatioun an d'Gewerkschafte just eng Stonn virum Personal iwwert dës Pläng informéiert gouf. Si refuséieren och all Negociatiounen iwwert e méigleche Sozialplang. Am Géigesaz fuerdere si e Plan de maintien dans l'emploi, fir z'evitéieren, dass esou vill Leit hir Aarbecht verléieren. Zum Beispill mat Preretraiten a Formatiounen. Well d'Situatioun esou eescht an akut ass, fuerderen LCGB an OGBL vun der Direktioun, sech mat der Vertrieder vun den zoustännege Ministèren zesummen ze sëtzen.
Am meeschte gelies