An der Gemeng Péiteng sinn d‘Fronte verhäert wéinst dem geplangte Jugend- a Familljenhotel zu Rodange.

Op d'mannst tëscht dem Schäfferot an an zwou Biergerinitiativen. Deene leeft d‘Zäit fort, well de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina huet d‘Baugeneemegung am Februar ausgestallt.

Eng Biergerinitiativ huet awer elo nei Elementer virbruecht mam Zil: den Hotel um Doihl verhënneren.

Et ass eng lass ënnert dem Doihl. Bal all honnert Meter wär eng Waasserquell, seet den Henri Krecké vun der Biergerinitiativ.

Bei der Schwemm géif Grondwaasser ofgepompelt ginn. Bis dato ouni, geschwënn eventuell mat enger exzeptioneller Autorisatioun, wëll den Henri Krecké vun der Biergerinitiativ héieren hunn. Mat deem Beispill wëll hie weisen, dass den Projet vum Hotel um Doihl net duerchduecht wär:“ *

"Do hu se also ee Waasserproblem. Niewendrun ass de Chalet vun de Scouten. Deen ass agesackt. Et gi statesch Problemer, well do eng Quell drënner ass. An elo soll en Hotel dohi kommen. Do läit och eng Quell drënner. De Buergermeeschter wousst emol näischt dovun, wéi mir gesinn hunn, deemools, wou mir géint d‘Baugeneemegung protestéiert hunn. Lo maache mir fir d‘drëtt dee selwechte Feeler. Normalerweis stéisst e gudden Iesel sech nëmmen eemol."

D‘Biergerinitiativ ass determinéiert. D‘Quell wär vum Waasserwirtschaftsamt confirméiert ginn, behaapt den Henri Krecké. Enttäuscht ass een dowéinst iwwer e Schreiwes aus dem Ëmweltministère. De Recours gracieux gouf wéinst engem Formfeeler refuséiert.

Den Henri Krecké:

"De Sujet ass intern am Ministère traitéiert ginn. Véier Méint gi mir higehalen, fir dass mir da gesot kréien, mir wären aus dem Delai eraus. Dat léisst e ganz batteren Nogoût. Mir froen eis, wien hei op Zäit spille wëll a wie wat vertusche wëll."

De Buergermeeschter Pierre Mellina, CSV, an den LSAP-Schäffen Romain Mertzig trieden och zesummen op. Eng Quell ënnert der Bauplaz wär keen Hindernis.

De Pierre Mellina:

"Selbstverständlech: Wa Quellen do sinn, da muss de Bauhär natierlech kucken, déi néideg Mesuren ze huelen, fir deem entgéintwierken. Ma dat kritt deen hin."

E puer reng technesch Analyse feelen nach. D'Baugeneemegung fir den Hotel, dee vun enger Chaîne bedriwwe soll ginn, déi op Familljen a Jugendlecher spezialiséiert ass, huet de Buergermeeschter dëst Joer am Februar ginn. Enn dës Jores sollen d'Baggere rullen.

A part, oder och net, de geplangten ënnerierdesche Wellness, deen d'Gemeng finanzéiert.

"Dat muss een esou gesinn: e Wellness-Beräich mécht op deem Site kee Sënn ouni Hotel. Déi zwou Saache mussen zesumme consideréiert ginn. Mir maachen de Wellness awer net eleng fir den Hotel, mä fir eis Populatioun."

Wann och den nächste Gemengerot gréng Luucht gëtt. D'Biergerinitiativ wëll weder Wellness, nach Hotel um Doihl.

"Mir wäerten e Recours en annulation bestriewen. A wa mir national kee Succès hunn, da kucke mir mat alle Moyenen fir op den Europäesche Geriichtshaff ze goen."

Ob den Hotel och e Walkampfsujet zu Péiteng gëtt, bleift ofzewaarden. Zum Beispill dPiraten: si haten de Projet uganks matgestëmmt, hu rezent awer kritesch parlamentaresch Froe gestallt. Déi Lénk si kloer dogéint.

*An enger éischter Versioun vum Artikel hat et nach geheescht, ënnert der Schwemm hätt eng Quell missen ëmgeleet ginn an zwar an d‘Baach mam Numm Maragole. No Präzisiounen vum Henri Krecké vun der Biergerinitiativ gouf den Text doropshin adaptéiert. Et handelt sech an deem Passage ëm Aussoe vum Henri Krecké.