Deeler vun der Uelzecht an der Péitruss gi renaturéiert
Et ass den éischte Projet an deem Beräich, dee vun der europäescher Investitiounsbank co-finanzéiert gëtt.
An e puer Woche sollen d'Renaturéierungsarbechte vun der Uelzecht an der Gemeng Steesel lassgoen. Dëst op engem Tronçon vun iwwer engem Kilometer tëscht de Brécke bei der Schwämm a Mëlleref.
D'Aarbechten zu Steesel sinn Deel vun engem méi grousse Projet, dee laangfristeg de natierleche Laf vun der Uelzecht tëscht der Stad a Miersch erëm hierstelle wëll. Zil ass et e bessere Schutz géint Héichwaasser an Iwwerschwemmungen ze garantéieren an an engems d'Biodiversitéit ze fërderen.
De Projet fänkt an der Gemeng Steesel un, eng Géigend, déi reegelméisseg vun Iwwerschwemmunge betraff ass, dës leschts nach am Joer 2021. Beim Reamenagement vun der Uelzecht orientéiert ee sech un hirem ursprénglechen Tracé vu 1750. An engems gëtt de Flossbett méi breet gemaach. De Bruno Alves vum Ëmweltministere:
"Mir soen net, datt mer keng Iwwerschwemmunge wäerte kréien, dat wier falsch. Mä mir reduzéieren de Risiko a mir reduzéieren d’Potential vun de Geforen, well doduerch kënne mer een natierleche Retentiounsvolumme maachen, do wou se sech kann ausbreeden an da wa se bei d'Leit geet, dann ass d'Vitesse wéi gesot scho vill méi lues a mécht manner Schued."
Iwwerdeems kann eng Renaturéierung e positiven Effekt op d'Ëmwelt a spezifesch op d'Biodiversitéit hunn, d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring:
"Dat zweet ass, dass mer well d'Waasser sech zréckzitt hei och natierlech Liewensraim entsoe loossen, fir d'Liewewiesen am Waasser. D'Waasser ka sech och nei an de Buedem erëm asickeren. Doduerch dass nei Vegetatioun wäert entstoen, wou och Beem wäerte wuessen, déi Schied wäerte maachen, kréie mer och kill Plazen an Zäite vu Klimawandel."
12 Mio. Euro soll de Projet insgesamt kaschten, dovunner sinn 9 Mio. Aus engem Prêt vun der europäescher Investitiounsbank. D'Finanzministesch Yuriko Backes:
"Et ass zënter méi wéi 50 Joer, datt d'BEI eppes am Domän vum Waasser mécht, et ass zesumme mat der Lëtzebuerger Regierung datt se dat mécht. An deem Sënn fannen ech dëse Projet och ganz flott, et ass wichteg fir alles wat mer maachen am Beräich vum Klimaschutz a vun der Biodiversitéit."
Deel vum Projet sinn och Renaturéierungsarbechten un der Péitruss an der Stad, wou och nei Liewensraim fir Déieren a Planze sollen entstoen.