Et gëtt e Wiessel un der Spëtzt am Verwaltungsrot vun der Lëtzebuerger Cargo-Entreprise.

D'Christianne Wickler demissionéiert. Si wëll sech méi staark op d'Aktivitéite vun hiren eegene Geschäfter konzentréieren, heescht et an engem Communiqué.

Als Successeur gëtt den Tom Weisgerber proposéiert. Den éischte Regierungsconseiller am Mobilitéitsministere war scho Member am genannte Gremium a sëtzt och an diversen anere Conseils d'administration am Transportsecteur.

D'Christianne Wickler war am Abrëll 2021 Presidentin bei der Cargolux ginn, nom Doud vum Paul Helminger. Si war vun Oktober 2013 bis Juli 2014 och Deputéiert fir déi Gréng.