Notamment wat d’Fusioun och fir déi concernéiert Mataarbechter op der Lëtzebuerger Bankeplaz bedeit.
Et géif zwar vun alle Säiten probéiert ze berouegen, seet de President vun der Gewerkschaft Aleba Roberto Mendolia. Mä d’Leit notamment vum Credit Suisse wieren awer ganz veronséchert. Dat notamment wéinst den Annoncen, déi se an der Press géife mat kréien.
Credit Suisse beschäftegt hei am Land 400 Leit, d’UBS der ronn 550. Soulaang d’Iwwernam net ofgeschloss ass, wier nach “business as usual” kruten d’Leit verséchert, sou de Roberto Mendolia. Dat soll Enn des Joers sinn.
Wéi en Impakt den Zesummeschloss vun den zwou grousse Banken-Entitéite mat änleche Geschäftsfelder duerno awer konkret huet, dozou hätt sech d’Direktioun bis ewell nach net geäussert.
Dem Bankekollektivvertrag no sinn d’Salariéen theoretesch an den éischten zwee Joer no enger Iwwernam, Fusioun oder Changementer am Kontrakt viru wirtschaftlechen Entloossunge geschützt. An dësem konkrete Fall misst fir d’éischt awer gekuckt ginn, ob sech dat Gesetz applizéiert. Departe si mam Accord vun der Personaldelegatioun awer och éischter méiglech. D’Aleba seet sech all Zäit prett, fir de concernéierte Mataarbechter hir Hëllef unzebidden, wann et da sou wäit ass. Et misst ee sech op dat Schlëmmst preparéieren, mä et wier haut definitiv net ofzegesinn, wou d’Rees hi geet.
D’Aktionäre vum Credit Suisse hunn op der Generalversammlung vun der Bank zu Zürech hirer Roserei iwwert d’Iwwernam duerch de Konkurrent fräie Laf gelooss. Iwwerdeems d’Chefetage sech entschëllegt huet. D’Bank wier anescht net méi ze rette gewiescht.
De Management vun der UBS sengersäits huet der Assemblée générale vun där Bank zu Basel den Zesummeschloss verdeedegt. Och wann d’Transaktioun en enorme Risiko géif mat sech bréngen. Déi nei Groussbank wäert duerno e Verméige vu 5.000 Milliarden Schwäizer Frang verwalten.