Nom Doud vun enger Persoun, déi den RPGH kritt, muss zeréckbezuelt ginn a mécht de Concernéierte Suergen. RTL huet eng betraffe Famill getraff.

Stand Abrëll kréie knapp iwwer 3.000 Leit de "Revenu pour personnes gravement handicapées", de sougenannten RPGH, ausbezuelt. De Montant läit aktuell bei knapp iwwer 1.700 Euro de Mount, déi ee vum Fond National de Solidarité kritt. Nom Doud vun der Persoun, gëtt den RPGH awer vun där hirer Successioun zeréckbezuelt. Huet déi Persoun zu Liefzäiten eng Proprietéit, gëtt d'Haus oder d'Wunneng hypothekéiert. Dee Revenu deen een also kritt, wann ee wéinst engem Handicap guer net schaffe kann oder op der Sich no enger adaptéierter Aarbecht ass, muss deemno rembourséiert ginn. Eng Situatioun, déi de betraffene Leit Suerge mécht.

Hypothekéiert ouni Bescheed ze wëssen

Op den éischte Bléck fält et net onbedéngt op, dat traditionellt Bild vun enger Persoun mat Handicap passt net an awer kann déi fréier Educatrice Sofia Ferreira zanter 6 Joer net méi schaffen. Si ass Mamm vun zwee Kanner, d’Famill lieft am Éislek. Déi jonk Fra huet jorelaang als Educatrice geschafft, eng Aarbecht déi si haut net méi maache kann. Hiere Gesondheetszoustand huet sech an de leschte Jore verschlechtert. Eng Malformatioun vun der riets Schëller, Arthrose an der Hand, Réckeproblemer a fréi Stadie vun Osteoporos: Eng Diagnose no der anerer, déi d'Liewe vun der jonker Famille op d'Kopp geheit huet. Si huet de Statut als Salarié mat Aarbechtsbeanträchtegung.

Soulaang si keng adaptéiert Aarbecht fonnt huet, wier d'Famill op den RPGH ugewisen, esou d'Mamm vun zwee Kanner. Eng Pai geet fir d’Ausgabe vun der Famill net duer. Si wier awer deemools net doriwwer opgekläert ginn, dass d'Haus vun der Koppel géing hypothekéiert ginn, bedauert d’Sofia Ferreira a weist eis de Bréif.

Dacks wéissten d'Leit net Bescheed

Eng Erfarung, déi Info Handicap och bei anere betraffe Leit bemierkt huet. Den Andrea Di Ronco ass zoustänneg fir de juristeschen Informatiounsdéngscht bei Info Handicap: "Ech hunn och d’Impressioun, dass d’Leit net genee gesot kréien, "wéi, wat, wou". Och déi Geschicht mat der Hypothéik ass heiansdo net ganz kloer."

Wann déi betraffe Persoun Proprietär vun enger Immobilie ass, gëtt déi automatesch hypothekéiert. Kréien d'Ierwen dann d’Wunneng oder d’Haus verierft, sinn dës bis 274.088 Euro geschützt. Ass d‘Valeur vum Logement awer méi héich, da ginn op Differenz déi 1.700 Euro RPGH de Mount, déi den Elterendeel kritt, huet ofgerechent. Op 10 Joer sinn dat séier iwwer 200.000 Euro. Nëmmen am Fall wou nach eng Persoun aus dem Menage, zum Beispill d’Kanner oder de Partner, am Haus wunnen, brauch een net ze verkafen.

Doriwwer eraus géingen déi betraffe Leit och net gesot kréien, wéi eng Charges sociales ewechfalen. Wann een nämlech virum RPGH net laang genuch geschafft huet, bezilt een och net an d’Pensiounskeess an.

Ännerung vum Gesetz ass an der Maach

Am Nationalen Aktiounsplang fir d'Rechter vu Leit mat Handicap ass bis 2024 virgesinn, dass den RPGH geännert gëtt. An deem Sënn huet déi zoustänneg Familljeministesch Corinne Cahen och schonn e Gesetzesvirschlag deposéiert. An deem Gesetzestext gouf awer den Ënnerscheed gemaach tëscht de Leit, déi den RPGH kréien an op der Sich no enger Aarbecht sinn, an deene Persounen, déi dee Revenu kréien, well si guer net kënne schaffe goen. Am Gesetzesprojet war virgesinn, dass just den RPGH vun deene Leit, déi guer net kënne schaffe goen, net brauch zeréckbezuelt ze ginn. Dat géing awer fir eng Inegalité de traitement tëscht den Ierwe suergen, esou de Staatsrot, dowéinst krut den Text eng Opposition formelle.

Op Nofro heescht et vun der ADEM, dass den Ament bal 1.200 Leit eng Aarbecht sichen, aktuell awer den RPGH kréien. Dem Fond National de Solidarité no wier et fir bal 2.000 Leit, déi dee Revenu kréien, net méiglech ze schaffen. Den FNS ka sech a 5 Joer am Ganze knapp 1,1 Milliounen Euro vu Leit, déi den RPGH kruten a verstuerwe sinn, zeréckhuelen. Esou dass eng Ännerung wuel och keen Impakt op de Staatsbudget hätt.

De Gesetzestext géing deemno nom negativen Avis vum Staatsrot elo adaptéiert ginn, esou nach d'Ministesch Corinne Cahen. Déi politesch Volontéit wier op jidder Fall do, huet si betount. Ma duerch d'Wale kéint déi ganz Prozedur awer wuel nach daueren.

Fir déi jonk Mamm Sofia Ferreira an hir Famill wier eng Ännerung net just finanziell, mä och emotional eng Entlaaschtung.