Accord tëscht de grousse Parteien, ALIA kontrolléiert Medien
Vun e Méinden un ass de Walkampf offiziell lancéiert. Fir d’Reklammen an de Medie gëlle bis zu de Walen a fënnef Woche Reegelen, déi d'ALIA iwwerwaacht.
Vun e Méindeg un ass de Walkampf fir d'Gemengewalen den 11. Juni offiziell lancéiert. Fir datt de Walkampf fair ofleeft, hunn d'Parteien ugangs des Jores en Accord ënnerschriwwen. DP, Déi Gréng, LSAP, CSV, Piratepartei, Déi Lénk, ADR a Fokus hu sech drop gëeenegt, datt keng Partei méi wéi 100.000 Euro fir de Walkampf soll ausginn.
Donieft huet ee sech engagéiert, och an de soziale Medie respektvoll mateneen ëmzegoen: keng Desinformatioun, keng Fake News, keng Beleidegungen. Dësen Accord ass en Gentlemansagreement an huet deemno keng rechtlech verbindlech Valeur.
D'ALIA kontrolléiert, dass keng Partei ze kuerz kënnt
E groussen Deel vum Walkampf gëtt an de Medie gefouert. Fir d'éischt Kéier gouf d’Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l’Audiovisuel, d’ALIA per Gesetz domat chargéiert, dësen op den audiovisuelle Medien z'iwwerwaachen. Mat de concernéierte Medien a mat de Parteien zesumme gouf gekuckt, wéi eng Reegelen ee sech wéilt am Walkampf ginn. "Ee vun de Punkte war, wéi laang d’Campagne an de Medie soll daueren, wou sech d’Reegelen applizéieren", seet de President vun der ALIA, den Thierry Hoscheit. Alles wat virdru wier, géing net ënnert d’Regulatioun falen. Do kéinten d’Parteien deemno maache wat se wëllen. Zu der Regulatioun gehéiert dann, dass déi genau Dauer vun der Ausstralung bestëmmt ass. An och d’Sendezäit gouf am Virfeld festgeluecht. D’ALIA kuckt, dass all Partei fair behandelt gëtt. Och bei Tables Rondes gëtt gekuckt, dass jiddereen equitabel zu Wuert kënnt. Fir de Fall, dass sech eng Partei net un d’Reegelen hält, si keng Sanktioune virgesinn. Den Thierry Hoscheit geet an deem Fall awer dovunner aus, dass se vun den anere Parteie géing geschleeft ginn.
Bedaueren deet de President vun der ALIA awer, dass sech d’Kontroll just op déi audiovisuell Medie vun RTL an op de Radio 100,7 bezitt. Lokal Radioen oder lokal Tëleessender géingen nämlech net ënner d’Kompetenz vun enger ALIA falen. Dobäi géingen dës och mat ëffentleche Gelder vun der Gemeng finanzéiert ginn. Et hätt een awer vu wäitem am Bléck, dass net de Buergermeeschter oder Schäfferot dës Kanäl géing notze fir eng ongläich Walcampagne mat de Sue vun der Allgemengheet ze maachen.
Och bei dem Iwwerwaache vun de soziale Medien hätt ee just eng ganz limitéiert Kompetenz bis elo. Kontrolléiert géingen dës net. Op europäeschem Plang géing awer grad an deem Kader fir d’Europawalen en Text ausgeschafft ginn. An Zukunft soll een dann direkt kënne gesinn, wat eng politesch Reklamm ass.
Vu wéini un da Walplakater däerfen opgehaange ginn, dat ass duerch en Accord tëscht de Parteien definéiert. An dësem hat ee sech drop gëeenegt, dass een eréischt géing fënnef Woche virum Stéchdatum mam Walkampf ufänken an an dëser Period net méi wéi 100.000 Euro ausginn. Anzeschätzen, ob dann all déi politesch Broschüren, déi an de leschte Wochen an de Bréifboîtte gelant sinn, net als Walkampf ze bezeechne sinn, bleift da jidderengem selwer iwwerlooss.