De fréieren ukrainesche President hofft och, dass éischt EU-Bäitrëttsgespréicher nach dëst Joer mat der Ukrain ulafen.

Bis e Méindeg nach sinn héichrangeg Politiker zu Lëtzebuerg, fir am Kader vun der Fréijoerssessioun vun der Parlamentarescher Versammlung vun der NATO iwwer d’Ukrainkris ze beroden. Dorënner de Petro Poroshenko, dee vun 2014 bis 2019 President vun der Ukrain wsr. De Virgänger vum Wolodymyr Selenskyj hat sech schonn 2008 fir en NATO-Bäitrëtt agesat, 2014 d'Euromaidan Protester ënnerstëtzt a kuerz drop d’Presidentschaftswale gewonnen. Zanter der Defaite géint de Selenskyj sëtzt den Oligarch op der Oppositiounsbänk, mécht sech awer weider fir en NATO- an EU-Bäitrëtt vun der Ukrain staark.

Här Poroshenko. Wärend den éischten Deeg vun der russescher Invasioun, hutt dir selwer an de Stroosse vu Kiew d'Waffen an d'Hand geholl, wéi Dausenden Ukrainer. Wéi schätzt dir d'Situatioun Haut an?

Petro Poroshenko: "Den Ament, hu mer leider e Positiounskrich. Mir hu kaum offensiv an defensiv Beweegungen. Ons haapt Front läit am Oste vum Land. Onsen Objektiv war einfach: sou vill russesch Orks wéi méiglech ëmzebréngen. Fir sou vill russesch Truppen wéi méiglech ronderëm Bachmout un ze konzentréieren. Ons et domat z'erméiglechen, d'Konter-Offensiv z'organiséieren. Dofir hu mir e Game Changer gebraucht: fir d'éischt hu mir eng Panzer-Koalitioun geschaf. Dunn eng fir Loftofwier. Dunn eng Koalitioun fir Laangstrecke-Waffen. An ech hoffen, ech drécken d'Daumen. Elo zu Hisoshima um G7, eng Koalitioun fir Kampf-Fliger. Well den NATO Standarden no, musse mer an onsem Loftraum dominéieren."

RTL

Hu dir Haut spezifesch Informatiounen, wat Bachmout ubelaangt?

"Mir sollten onsen Zaldoten trauen. A wann déi soen, se géife weider just un der Grenz vu Bachmout kämpfen, da stëmmt da. Ma d'Haaptstrategie vun der ukrainescher Arméi läit net just dodran, weider un der Grenz vu Bachmout ze kämpfen. Ma offensiv weider ze kommen, fir d'Russen banne Bachmout anzekesselen. Dat wäert d'Russen a Panik setzen."

Wéi, dëse Krich op en Enn bréngen? Just mat Waffen? Oder gëtt et eng Chance fir Friddensgespréicher? Dir souzt als President, mam Putin zu Minsk, um Verhandlungsdësch.

"De Schlëssel fir Fridde läit net an den Hänn vu Kiew, Washington oder Bréissel. Leider läit deen an den Hänn vum Putin. Dofir, maacht wann-ech-gelift keng Reklamm fir d'Iddi, de Krich anzefréieren. Mäi Message ass dësen: Wann-ech-gelift, hutt keng Angscht virun enger Néierlag vum Putin a senger Clique. Mer stinn hei bei der Parlamentarescher Versammlung vun der NATO. Ech sinn houfreg hei den ukrainesche Fändel ze gesinn. An ech sinn houfreg a .. bieden derfir, dat mer a kuerzer Zäit och de Fändel vun der Ukrain am Haaptsëtz vun der NATO zu Bréissel gesi wäerten.

All d'Nato Memberstaaten, dorënner och Lëtzebuerg, ginn den Ament net duerch den Artikel 5 vun der Allianz, virun enger russescher Aggressioun geschützt. Ma duerch e Blo a Gielt Schutzschëld, un ukraineschen Zaldoten."

Lëtzebuerg ass eng vun den Administrativen Haaptstied vun der Europäescher Unioun. Wat erwaart der Iech vun der EU? Ech erënneren un d'Revolutioun vum Euromaidan.

"Dat war déi grouss Bestätegung, dass d'Valeure vum ukrainesche Vollek, där Europäescher sinn. A mir si souguer bereet, onst Liewen ze gi fir Europa. Dofir sinn ech houfreg, dass meng Ënnerschrëft ënnert dem Associatiounsaccord mat der Europäescher Unioun steet. Mat engem staarken Handelsaccord. Visa-Fräiheet. Changementer vun der ukrainescher Verfassung, en Vue vun engem EU- an NATO-Bäitrëtt. Fir ons ass et extreem wichteg, dass mer de Status vum Kandidat fir an d'EU krut hunn. An dëst Joer, 2023, nach virun den Europawalen, an den europäesche Staaten, sollte mir éischt EU Bäitrëttsgespréicher ufänken. Also nach 2023.

Här Poroshenko, Merci.

RTL