Fléckaarbechten un der Mauer hunn ugefaangen
Den 30. Juli 2021 ass eng Mauer vun der Beeforter Buerg a sech zesummegefall. Ville, staarke Reen huet dat deemools ausgeléist.
Elo gëtt déi mëttelalterlech Mauer nees opgebaut. D'Buerg, déi a staatlecher Hand ass, gëtt vu Sites et Monuments geréiert. Den Ament sinn zwou Entreprisë bei der Buerg am gaange mat schaffen. No etlechen Etudë gëllt et elo, d'Mauer ze stabiliséieren an duerno mat Steng nei opzebauen.
Den éischten Deel vun dësen Aarbechten dauert bis Enn Juli 2023. Am Hierscht ass da geplangt, d'Mauer nei opzebauen. Fir den Optakt vun der neier Saison - am Fréijoer 2024 - soll de Schantjen dann ofgeschloss sinn.
Souwuel d'Buerg, ewéi och d'Renaissance-Schlass, zeien all Joers vill Visiteuren un. Virun allem Hollänner. Viru Corona waren et eng 40.000 Visiteure pro Saison. Elleng de leschte Samschdeg goufen an der Buerg 645 Leit gezielt, déi op Besuch waren.
Wann d'Reparaturaarbechten un der Buerg fäerdeg sinn, wäert um Renaissance-Schlass geschafft ginn. Am Joer 1988 gouf d'Buerg klasséiert.