Mat Pragmatismus an de Walkampf
E Freiden de Mëtten hunn d’Spëtzekandidate vun der DP Esch, de Pim Knaff an d’Daliah Scholl, de Walprogramm fir hir Stad presentéiert.
"Et gëtt eng wegweisend Wal", sot den Escher DP-Co-Spëtzekandidat Pim Kanff. Et misst gekuckt ginn, ob ee wéilt an der selwechter Konstellatioun weider fueren oder zréckkommen an dat, wat déi lescht Koalitioun wärend Jore gemaach huet. Et géing een awer keng Faarf fir eng méiglech Koalitioun ausschléissen, well dat bedeite géing, vu virera Wieler auszeschléissen.
Et wëllt ee pragmatesch un d’Problemer erugoen, an et wier een net ideologesch gebonnen. "D’Ideologie loosse mer am Schaf oder mer loosse se fir déi aner Parteien", sou de Co-Spëtzekandidat. Nodeems dann de Bilan gemaach war, wat een alles an der leschter Legislaturperiod areecht hätt, goung et dann och dorëm, wou een hiwëllt.
Fir den Escher Geschäftszentrum ze beliewen, wëllt ee weider op Pop-Up a Concept Stores setzen. Escher Lokaler, déi scho méi laang eidel stinn, wëllt ee lounen, fir se ze notzen. Et wieren ëmmer nach eng Rei Lokaler eidel, mee et wier "falsch an eng Frechheet ze behaapten, dass zu Esch lues a lues all d’Geschäfter géingen zou maachen", huet de Pim Knaff betount. D’Grënn fir d’Eidelstoe wieren ënnerschiddlech: Vu Renovatioun, net ITM- oder CGDIS-konform, bis hin zum Proprietär, deen en ze héije Loyer wéilt. Dofir wier scho mat enger Taxe op eidel stoende Lokaler reagéiert ginn.
Mat der Logementssituatioun zu Esch wier een net zefridden. "Dofir wëlle mir eng Escher Wunnengsbaugesellschaft op d’Bee stellen", erkläert de Pim Knaff. Et ass een der Meenung, dass ze vill Acteuren den Ament der Saach net dénge géingen. De Service Logement soll dann an dëser integréiert ginn.
Ee Punkt am Walprogramm heescht dann "E proppert a séchert Esch". Mam Zréckgräifen op privat Sécherheetsfirmen huet d’DP keen "ideologesche Problem". Elo scho géing ee souer asetzen, fir Bienen a Gebaier ze schützen. Och eng Police Municipale gesäit ee positiv, woubäi dat awer souwisou eng Decisioun ass, déi misst op nationalem Niveau geholl ginn. D'selwecht favorabel steet een dem Asaz vun Iwwerwaachungskameraen, déi ee ka flexibel op verschiddene Plazen asetzen, géigeniwwer. A Saache vu Verknaschtungen oder Belästegung duerch Kaméidi, mengt DP-Esch, dass een dat mat der Kompetenzerweiderung vun den Agents Municipaux an de Grëff kritt.
An der Mobilitéit bekennt ee sech zum Vëlo. Dëse soll weider gefërdert ginn, sou dass sech Vëlosfuerer kënnen an engem gesécherte Raum beweegen. Park&Ride-Parkhaiser op der Peripherie auszebauen, wier dann indispensabel.
Wichteg war et de Spëtzekandidaten dann och nach ze betounen, dass "Esch 2022" net "ausser Spesen nix gewesen" wier. "D’Offer vun deene ville Kulturinstitutioune soll op dem héijen Niveau vun 2022 bleiwen", huet d’Co-Spëtzekandidatin Daliah Scholl betount. D’Renovatioun vun der Kulturfabrik géing zum Beispill e wichtege Sujet bleiwen. An et wéilt een zu Esch eng Kannerkonschtakademie opbauen.