En Donneschdeg am Nomëtteg koum et zu engem Déifstall op der Stater Gare, wéi enger Fra d'Wallis geklaut gouf. Och e presuméierten Dealer gouf gepëtzt.

Zwee Täter haten enger Fra de Koffer geklaut, wärend si um Gleis op den Zuch gewaart hat. Béid Verdächteg konnten awer kuerz duerno mam Koffer ugetraff a festgeholl ginn.

Net wäit fort vun der Gare, an der Rue Joseph Junck, ass der Police géint 16 Auer e Mann opgefall, dee sech séier duerch d'Bascht maache wollt, wéi hien d'Beamte gesinn hat. Nodeems si hien ugeschwat haten, konnt si kloer erkennen, datt hien eppes erof geschléckt hat. Hien hat zouginn, datt et sech dobäi ëm Droge gehandelt huet. No enger Ënnersichung mat engem Scanner, konnten eng Rei Kugelen a sengem Mo entdeckt ginn. Hie gouf op Uerder um Parquet festgeholl.