Wéinst méigleche Metallstécker
Tofu Spinacia vun der Mark "Taifun" gouf zeréckgeruff

Am Tofu Spinacia vun der Mark "Taifun" kéinte Metallstécker enthale sinn.
Dat deelt d'Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun an engem Schreiwes mat. Vum Réckruff betraff ass den Tofu an der Verpackung vun 200 Gramm mat den Oflafdatumer vum 2. a 25. Mee 2023 a vum 2. an 9. Juni 2023, mam Code barre 4012359114907 an de Lotissementsnummeren L239, L246, L254, L261.
De Produit gouf zu Lëtzebuerg a verschiddene Geschäfter verkaaft.
Wann een d'Stécker aus Metall consomméiert, besteet de Risk vum Erstécken a vun ënnerleche Blessuren.
Am meeschte gelies