Alkoholiséierte Chauffer weist bei Kontroll de Mëttelfanger

© Laurent Weber / RTL
An der Nuecht op e Samschdeg goufen eng Partie Chauffere kontrolléiert, déi ze vill gedronk haten. Een ass sech nach e weidere Protokoll siche gaangen.
An der Montée de Clausen ass eng Patrull kuerz virun 3 Auer an der Nuecht op e Samschdeg op en Automobilist opmierksam ginn, wéi et duerch dëse bal zu enger Kollisioun komm war. Bei der Kontroll vum Mann war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn. Als Reaktioun dorop huet de Mann de Beamten de Mëttelfanger gewisen, wouropshin hien nach e Protokoll wéinst Beamtebeleidegung krut.
Géint 2.30 Auer war d'Police geruff ginn, nodeems en Auto a Schlaangelinnen iwwert de Boulevard de Kockelscheuer gefuer ass. Op engem Parking gouf de Mann, dee Schwieregkeete beim Schwätzen hat, misse blosen, kontrolléiert. Och bei him war den Alkoholtest positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
Ëm déi selwecht Zäit gouf e Mann zu Märel vu Polizisten erwëscht, wéi dëse widder en Auto urinéiert huet. Um Daach stoung eng Béchs Béier an et huet sech erausgestallt, datt de Mann kuerz virdrun nach mam Auto gefuer ass, wéi och Zeie confirméiert hunn. Nieft dem ze héijen Alkoholpeegel louch och e Fuerverbuet géint de Mann vir. Doriwwer eraus huet den Auto senger Frëndin gehéiert. De Parquet gouf wéinst dem héije Wäert informéiert.
An der Rue de Mersch ass iwwerdeems och géint 2.30 Auer eng Automobilistin mat hirem Auto op en Accident duergefuer an huet eréischt am leschte Moment d'Beamte bemierkt. D'Fra gouf kontrolléiert an huet de Permis misse wéinst dem Alkohol ofginn.