
Amplaz e Samschdeg ass et du fir d’Passagéier e Sonndeg de Mëtteg awer nach a Richtung Ibiza gaangen, wou een am Nomëtteg gutt ukomm ass.
Rezent hu bei der Luxair ëmmer nees misse Flich ofgesot ginn respektiv hate Verspéidung. Iwwert de Päischtweekend waren op d’mannst 5 Flich annuléiert ginn.
Schonn e Samschdeg hat RTL Infos e Reportage mat enger exklusiver Ausso vun engem Pilot, datt et am Summer méi dacks zu Annulatiounen oder Verspéidunge kéint kommen.