Keeldall"Neie Roude Fiels" a leschter Ligne Droite

Monique Kater
No 20 Joer Diskussiounen a Gedeessems kritt Rëmeleng elo endlech en neit Altersheem. An dat fir den houferege Präis vu 66 Milliounen Euro.
Keeldall: "Neie Roude Fiels" a leschter Ligne Droite
No 20 Joer Diskussiounen a Gedeessems kritt Rëmeleng elo endlech en neit Altersheem. An dat fir den houferege Präis vu 66 Milliounen Euro.

Der Servior-Direktioun no gëtt et e funktionellt a frëndlecht Gebai mat vill Glas an Terrassen, déi an de Parc integréiert ginn. Vun 2027 un ass am Neie Roude Fiels Plaz fir 120 Pensionären.

En Altersheem fir Rëmeleng - De Reportage vum Monique Kater

Dem Servior Generaldirekter Alain Dichter no, erfëllt déi geplangte Struktur déi modernste Critèren an et kéint een deene verschiddenste Besoinen vun den eelere Leit nokommen. 120 Zëmmer, 50 méi wéi virdrun a wäit ewech vun deem, wat eben net méi zäitgeméiss ass, wat d’Soinen ugeet.

PDF: Presentatioun vum neie Projet

Back to Top
CIM LOGO