Op enger Pressekonferenz huet d'LSAP e Mëttwoch de Wonsch no engem ganzheetlecht an iwwergräifende pädagogesche Gesamtkonzept geäussert.

Et wieren am Educatiounssystem vill Reforme gemaach ginn, déi an déi richteg Richtung ginn, huet d’LSAP Co-Parteipresidentin Francine Closener direkt am Ufank vun der Pressekonferenz zum Sujet vun der Educatiounspolitik gesot. D’Gesamtbild wier fir si awer trotzdeem eent vun engem fragmentéierte System. Eent vu "ville verschiddenen Inselen, tëschent deenen d’Kanner géingen erdrénken".

LSAP feelt et an der Schoulpolitik u Koherenz / Reportage Diana Hoffmann

Dofir wënscht sech d’LSAP e ganzheetlecht an iwwergräifende pädagogescht Gesamtkonzept - vun der Crèche bis bei den Ofschlossdiplom. Aktuell géinge Crèchen, Maison-relaisen, Grondschoulen, traditionell Lycéeën an d’Europaschoule getrennt vunenee funktionéieren. "Dat kann an dat dierf eigentlech net esou bleiwen. Mir wëllen nämlech kee gespléckte Schoulsystem. Mir wëllen eng staark ëffentlech Schoul", sou d’Co-Parteipresidentin. All d’Acteure solle vernetzt zesummeschaffen an e gemeinsaamt pädagogescht Konzept hunn. Aus dësem Grond sollen d’Europaschoulen an d’Reegelschoulen zesummegefouert ginn. Dat andeems een dat géing ausbauen, wat an all System gutt ass. 
 
Dacks géing och de Sujet vun der Inclusioun an de Schoule fir Onzefriddenheet suergen, huet den LSAP-Deputéierte Ben Polidori betount. E Problem wieren ënner anerem, dass net genuch Plazen a Centres de Competences wieren, falls en Unterrecht mam Kand an der Klass net méiglech ass. Dacks géing et awer e Schouljoer oder nach méi laang daueren, bis eng Plaz an engem Kompetenzzenter fräi wier. "Dat ass net gutt fir d’Kand, fir d’Famill a fir den Enseignant", kritiséiert de Ben Polidori.

RTL

© Diana Hoffmann / RTL

Den LSAP-Generalsekretär Sacha Pulli huet ënnerstrach, dass d’LSAP der Meenung ass, dass déi mental Gesondheet misst an d’Schoulmedezin integréiert ginn. An dass de Sujet e feste Bestanddeel vun der Grondausbildung vun den Enseignanten an den Educateure misst ginn. Als Beispill, fir d’Wuelbefannen ze verbesseren, nennt hie sougenannte pupil-welfare-teams, wéi et se an de skandinavesche Länner scho gëtt. "E Konzept, dat mir ganz interessant fannen. Dat si multiprofessionell Ekippe mat verschidde Beruffer, wéi zum Beispill Assistant sociauxen, wéi Psychologen. Déi sinn an de Schoulen a këmmere sech dorëm, dass et de Kanner gutt geet", erkläert de Sacha Pulli.  
 
Positiv steet d’LSAP dann awer ëmmer nach dem Projet vun der Alphabetiséierung op franséisch géigeniwwer. Dat well ee sech méi Chancëgläichheet versprécht. Allerdéngs verweist een nach op déi vill Bedenke vun de Gewerkschaften, an dass een deemno net mam Briecheise sollt virgoen.