Fir 54.600 Secondairesschüler huet dës Woch d'Schoul ugefaangen
Ronn 54.600 Schüler sinn aktuell am Secondaire ageschriwwen, all fënneften dovunner geet an eng Privatschoul.
D'Septièmen haten en Dënschdeg scho Rentrée, e Mëttwoch war et dann um Rescht vum Lycée. Ronn 54.600 Schüler sinn aktuell am Secondaire ageschriwwen, all fënneften dovunner geet an eng Privatschoul.
D'Zuel vun de Secondairesschüler geet weider an d'Luucht a läit elo bei 54.610. Bannent engem Joer ass dat e plus vu ronn 1.200 Schüler. An op 5 Joer gekuckt ass d'Zuel vun de Schüler ëm ronn 6.600 an d'Luucht gaangen. Wéi deelen déi sech op? Ma 13.650 sinn am Classique, 27.892 am General oder an enger Formatioun professionelle an 13.068 sinn an engem internationale Regimm ageschriwwen. Fir datt déi Jonk och eppes léieren, brauch ee Proffen. Eleng an den ëffentleche Schoule ginn et aktuell am Secondaire 6.011 Enseignanten, déi Cours halen.
Zu Mamer sinn dëst Joer am Lycée Josy Barthel, eppes méi wéi 1.200 Schüler ageschriwwen. An dësem Lycée ginn esouwuel Classique, wéi Général awer och Fomation-professionelle-Klassen ugebueden. De Lycée huet mam Gilles Belling dann och en neien Direkter. Et ass seng éischt Rentrée an dëser Funktioun. "Ech freeë mech, datt d'Schüler nees hei sinn, ech freeë mech datt nees Liewen am Gebai ass. Et ass awer e bëssi langweileg am Summer wann ee just zu 10 bis 15 Mann heibannen ass", seet den neien Direkter.