D'ING baut weider Servicer an Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg of. Déi RTL-Nouvelle huet d'Direktioun vun der Bank jo antëscht confirméiert.

Lo ass et d'Fro, wat dat konkret heescht, fir d'Clienten, d'Lëtzebuerger Finanzplaz a virop awer och d'Personal vun der Bank.
 
Der ING hir Erzielung kléngt esou: Wéi all puer Joer hätt een d‘Käpp zesummegestreckt. Stäerkten a Schwächten ofgewien. Den Direkter vun der ING Lëtzebuerg Michael Burch erkläert: „Mir hunn erkannt, dass mir am Retail-Geschäft fir déi grouss Massen net déi néideg Kompetenzen hunn, fir déi Clienten laangfristeg esou ze zerwéieren wéi mir dat wëllen. Am internationale Geschäft mat den Entreprisen an am Private Banking hu mir alles, wat et brauch fir eng Plus-value fir eis Clienten ze sinn.“
 
Plus-value ass hei wuertwiertlech ze huelen. D‘ING wëll déi déck Fësch. An deenen hiert Verméigen méi grouss maachen.
 
„D‘Clientèle sinn effektiv Leit mat engem gewësse Verméigen, dat si gär géifen investéieren an och laangfristeg investéiere kënnen, well se d‘Suen net direkt brauchen.“
 
Och de Pilier vum Private Equity, der finanzieller Bedeelegung un Entreprisen, soll gestäerkt ginn. Déi kleng Cliente mat de Compte couranten an de Spuerkonten, de sougenannte Retail-Banking, interesséieren d‘Bank net méi. A mat deem Beräich verschwannen d‘Agencen zu Ettelbréck an Esch. A bis zu 124 Aarbechtsplazen.
 
„Dat ass net ganz esou: Mir schätzen aktuell vu bis zu 124 Plazen. Maximal. Et ass nach net decidéiert, wéi eng Persounen dat concernéiere wäert. Dat ass Deel vun de Gespréicher aktuell mat eiser Personalvertriedung.“
 
A spéider mat de Gewerkschaften. Déi vun de Banke war awer nawell virun de Kapp gestouss vun der Nouvelle d‘lescht Woch, gëtt de Roberto Mendolia, President vun der Aleba, ze bedenken: „Mir sinn et och aus der Press gewuer ginn. Mir spieren awer ëmmerhin, dass d‘Direktioun den Dialog sicht.“

RTL

 
Bis ee mat der ING-Direktioun iwwer e Sozialplang negociéiere wëll, bréicht een nach däitlech méi Informatiounen. 124 gestrache Plazen, wären der dem Roberto Mendolia op alle Fall ze vill.
 
„Mir wëllen dee Chiffer op alle Fall drécken. A mir wëllen evitéieren, dass de Sozialplang um Enn op bleift fir weider Servicer bei der ING, wat d‘Zuel an d‘Zäit ugeet.“
 
Lëtzebuerg wär weider e wichtege Standpunkt fir d‘ING haut. Dat confirméiert d‘Direktioun.

Haut.