"Wéi kann een esou domm agéieren?"FNFL wënnt Appellsprozess géint nationale Fraerot

RTL Lëtzebuerg
Den nationale Fraerot muss der FNFL 1.500 Euro Indemnité de procédure bezuelen.

D’Fédération nationale des femmes luxembourgeoises deelt mat, datt se och den Appellsprozess wéinst hirem Ausschloss aus dem nationale Fraerot gewonnen huet. Den nationale Fraerot muss der FNFL 1.500 Euro Indemnité de procédure bezuelen.

D’Presidentin vun der Federatioun, déi fréier Politikerin, Astrid Lulling, sot:

“Ech freeë mech doriwwer, datt mer gewonnen hunn, mee et deet mer leed, datt am Conseil national des femmes nëmmen eng eenzeg Organisatioun, d’Femmes libérales, ass, déi net domat averstane war, datt se d’Federatioun, déi jo de Conseil gegrënnt huet - dat war deemools d’Liliane Thorn-Petit - datt se eis erausgeheie wollten, ouni iergendwellech Grënn. Bon, den eenzege Grond war warscheinlech deen, datt se mech wollte lass ginn als Delegéierten. Mee wou kënne sämtlech Fraenorganisatiounen hei zu Lëtzebuerg, ausser enger, esou domm agéieren. Lo hu se verluer, et kascht de Conseil ganz vill Suen.”

D’FNFL-Presidentin Astrid Lulling

Den nationale Fraerot wëll sech net zum Urteel äussere bis de Verwaltungsrot beienee war. De Fraerot hat d’FNFL 2019 ausgeschloss, dat nodeems d’Presidentin, Astrid Lulling, bei enger Renconter um Schlass Bierg der Fra vum Grand-Duc widdersprach hat.

Dobäi goung et ëm d’Analys vun der Situatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg. Den nationale Fraerot hat an éischter Instanz viru Geriicht verluer a war dowéinst an Appell gaangen. D’Astrid Lulling seet, d’FNFL wéilt an Zukunft gutt am nationale Fraerot matschaffen, sou wéi dat och fréier de Fall gewiescht wier.

Back to Top
CIM LOGO