GouvAlert
Haut ginn nees Sireene getest a Warn-Messagen erausgeschéckt

Wéi all éischte Méindeg am Mount ginn uechter d'Land nees d'Sireene getest an a verschiddene Gemenge ginn Test-Messagen erausgeschéckt.
Dobäi handelt et sech ëm een Test-Message iwwert d'Applikatioun GouvAlert. Et gëtt preziséiert, datt keng perséinlech Donnéeë gesammelt ginn.
Wat d'Warn-SMSen ugeet, ginn dës an Zukunft, anescht wéi bis elo, net méi onbedéngt um 1. Méindeg vum Mount verschéckt. Et gëtt och net méi am Virfeld annoncéiert a wéi enge Gemengen d'SMSe verschéckt ginn.
Am meeschte gelies