D'Pilote vum Cargolux-Fliger, deen am Abrëll bei der Landung mat den Turbinnen op de Buedem opkomm war, hätten dëse Virfall net kënnen evitéieren.

Dat ass d'Resultat vun enger Enquête vun der zoustänneger Administratioun. Mëtt Abrëll ass jo eng Cargolux 747 bei der Landung an d'Wackele komm, esou dass si mat den Turbinnen op der Pist opkomm ass. De Pilot huet d'Maschinn erëm eropgezunn an dës bei engem zweete Versuch sécher gelant.

Grond fir d'Probleemer bei der Landung waren abrupt Changementer vun de Wandkonditiounen. Wéinst der Gréisst an dem Gewiicht vun der Cargo-Maschinn, huet dës d'Landepist mat héijer Vitess approchéiert. Zesumme mat de Fluktuatioune bei de Wandvitessen, wier dem Equipage wéineg Sputt bliwwen, fir ze reagéieren, esou déi zoustänneg Administratioun. Um Enn gëtt de Virfall als Incident klasséiert.

Richtegstellung: An enger éischter Versioun vum Artikel war iertemlecherweis eng Foto vum Virfall mat enger Cargolux-Maschinn aus dem Mee ze gesinn.