Mat der Turbinn op der Piste opgeschloenEnquête soll klären, wéi et zu Tëschefall koum

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend koum et géint 18.30 zu engem Virfall mat enger Cargolux-Maschinn um Findel. E Video weist déi spektakulär Landung.
D'Landung vun der Cargolux-Maschinn vun e Samschdeg.
Hei gesäit een, wéi haart d’Maschinn op d’Pist opkomm ass, nodeems se nees kuerz drop an d’Luucht geet.

Op de soziale Medien ass och wéineg spéider e Video opgedaucht, deen déi ganz Landung weist. Hei gesäit een, wéi de Pilot vun der Cargolux 747 d’Maschinn nom Opkommen nees erop gezunn huet an nei ofhiewe misst, nodeems hien duerch dat haart Opsetzen d’Pist mat der lénker Turbinn erwëscht huet.

Schlussendlech krut de Pilot, wéi op de Biller ze gesinn ass, d’Maschinn awer nees ënner Kontroll, och wann dës hefteg opkomm ass. Wéi et heescht, koum de Fliger no bal 6 an enger hallwer Stonn Vol aus Dubai a sollt zu Lëtzebuerg landen, dat géint 18.30 Auer.

Um Flight Radar war dann och z’erkennen, dass de Pilot nom opkommen nees muss gestart sinn an eng Kéier misst fléien, fir dann nach eemol e puer Minute méi spéit eng normal Landung duerchzeféieren.

Cargolux confirméiert de Virfall

E Sonndeg den Owend huet Cargolux de Virfall dann och offiziell confirméiert. Et gëtt och nach eemol ënnerstrach, dass de Fliger bei der 2. Landung sécher um Buedem ukomm ass, an dass keen am Fliger oder op der Pist blesséiert gouf. Eng intern Enquête gouf an d’Weeër geleet, wéi dat bei Cargolux och den Normalfall ass.

D’Maschinn gouf beschiedegt duerch de Virfall a bleift um Buedem, bis d’Maschinn ënnersicht a reparéiert gouf. D’DAC, d’Direction de l’Aviation Civile gouf iwwert de Virfall informéiert.

Hei den offizielle Statement vu Cargolux:
“A Cargolux aircraft was involved in an incident during landing at Findel Airport on Saturday evening. The pilots aborted their first attempt to land and performed a go-around. On the second attempt they landed safely. There were no injuries to the crew or anyone on the ground.

The incident has been reported to the DAC and an internal investigation into the incident is also being conducted in accordance with company procedures.

The aircraft suffered some damage as a result of the aborted first landing attempt and remains grounded until all inspections and necessary repairs have been completed.”

Back to Top
CIM LOGO