De Parquet deelt mat, datt en 18 Joer ale Lëtzebuerger festgeholl gouf, well e potentiell terroristesche Contenu op sozialen Netzwierker gepost hat.

Hie soll op Instagram Videoe publizéiert hunn, déi eng Menace duerstellen respektiv déi terroristesch Dote kéinte provozéieren.

Déi däitsch Autoritéiten haten de Mann signaliséiert.

D'Anti-Terror-Sektioun vun der Police judiciaire an d'Spezialunitéit vun der Police hunn de Mann e Freideg festgeholl. Wou dat geschitt ass, gëtt net präziséiert.

De Mann koum e Samschdeg de Moie bei den Untersuchungsriichter an deen huet Haftbefeel erlooss.