Am Prozess ëm kannerpornografesch Biller a Videoe goung et en Dënschdeg ëm d’Victimmen. Si goufe vun hiren Affekote vertrueden.

De Sall vun der 9. Chamber war bis op de leschte Stull gefëllt. Haaptsächlech jonk Frae waren do, deels vun hiren Eltere begleet. Vill vun hinne waren Affer vum Mann, dee sech wéinst dem Produzéieren an Diffuséiere vu kannerpornografesche Biller a Videoe muss viru Geriicht veräntwerten. E Mann, dee sech als Trainer engagéiert huet, an als hëllefsbereet a frëndlech gegollt huet. Fir eng vun de Victimme war en esouguer wéi en zweete Papp. E Mann, deen awer och eng aner Säit huet, a sech net bewosst ze si schéngt, wat en de jonke Fraen, déi deemools mannerjäreg waren, ugedoen huet.

Kloer gouf dëst awer, wou d'Affekotin vun engem vun den Affer geschwat huet. Hir Mandantin war grad emol 12 Joer al, wéi déi éischt kriminell Dote vum Ugeklote konnte festgestallt ginn. Véier Joer laang huet déi deemools Jugendlech an der Volleyballekipp gespillt, wou de Mann Trainer war. Als Frëndin vum Ugeklote senger Duechter, hat si permanent Kontakt mam presuméierten Täter. "Ech hunn ëm net béis geholl, wann e Mol widder mech komm ass. Als Kand hunn ech mir näischt geduecht", sou d'Fra bei hirer Unhéierung bei der Police.

"Dräi Stonne gouf si mat Fotoen a Videoe konfrontéiert, wou se drop ze gesinn ass. Ugedoen, ausgedoen. Oder wou hien op eng Foto vun hir masturbéiert", beschreift d'Affekotin, wat hir Mandantin huet misse bei der Police duerchmaachen, wéi d'Affär public ginn ass. D'Faite wieren "denigréirend, humiliant an degoûtant". Et wier eng Onmënschlechkeet an den Handlungen, sou de Constat vun der Affekotin. Bis elo hätt ee vum Beschëllegte just Excusen, Explikatiounen an d'Erofspille vun der Situatioun héieren.

"Et si warscheinlech nach aner Leit concernéiert, déi et net wëssen. Den Dossier ass esou grouss. Haut hu mer hei wuel just e Brochdeel vun den Affer am Sall sëtzen", sot d'Affekotin, déi 18 Affer vertrëtt, déi den Ugekloten ënner anerem an de Kabinnen, wéi och an den Duschen ëmmer nees heemlech nom Sport gefilmt huet. Déi jonk Frae waren zu deem Ament nach mannerjäreg. Egal a wéi enger Situatioun, et wier permanent gefilmt ginn. Dass hien eng Foto vun engem Affer als "Wichsvirlag" bezeechent hätt, géing säi Charakter weisen. Wann do näischt géing geschéien, wier hien eng Gefor fir eis Gesellschaft.

"Och wann en e bestialeschen Akt gemaach huet, jugéiere mer ëmmer nach e Mann", huet den Affekot vum Ugeklote betount. Hie freet d'Riichter, sengem Mandant d'Méiglechkeet vun enger Rehabilitatioun ze ginn a freet fir dëse 5 Joer Prisong mat komplettem Sursis probatoire. Villäicht géing dësen dann déi richteg Wieder fannen, fir seng Entschëllegung korrekt ze presentéieren.

De Procureur fuerdert dogéint eng Prisongsstrof vun 8 Joer fir de fréiere Volleyballtrainer, een Deel dovunner fest. Un e méigleche Sursis probatoire wieren Oplage gebonnen, wéi dass ee misst a psychologesch Behandlung goen. Doriwwer eraus fuerdert de Vertrieder vum Parquet eng ugemoosse Geldstrof. Als Circonstance aggravante kéim dobäi, dass hien als Trainer eng Vertrauenspersoun war awer och, dass en zum Akt iwwergaangen ass, an e Kand vu manner wéi 15 Joer un der Broscht ugepaakt huet.

E lescht Wuert wollt den Ugekloten, deen all seng Doten am Virfeld zouginn hat, dann net méi un d'Tribunal riichten.

E weidere Mann huet sech dann och en Dënschdeg missen am selwechte Prozess viru Geriicht veräntwerten, well en ënner anerem kannerpornografesch Biller a Videoen op sengem Computer hat, déi en erofgelueden hat. Hei fuerdert de Parquet 4 Joer Prisong. Wa mat Sursis, dann och ënnert der Konditioun, dass e sech psychologesch behandele léisst.

D'Urteeler an den zwou Affäre ginn den 13. Juli gesprach.