Zwee Männer mussen sech wéinst kannerpornographeschem Material veräntwerten

© Laurent Weber / RTL
Ee vun hinnen war Trainer an huet Meedercher vun enger Volleyballekippe an den Dusche gefilmt.
Och bei engem aneren Ugeklote goufe kannerpornografesch Biller a Videoe fonnt. "Dir blent et aus. De Problem ass, dass ären Dossier esou schlëmm ass, dass Ausblende fatal ass", sot d’Riichterin zu engem vun den Ugekloten.
Him an engem weidere Mann gëtt reprochéiert, kannerpornografesch Fotoen a Videoe gemaach ze hunn, a se diffuséiert ze hunn. Och gouf géint d’Gesetz vun der Privatsphäre verstouss. 22 Affer hu sech Partie civile géint ee vun de Männer deklaréiert, deen Trainer vun enger Meederchers Volleyball- a Fussballekippe war.
D’Faiten insgesamt belafe sech op d’Period tëscht 2011 an 2016. Duerch Interpol hat d’Police en Indice kritt. Déi éischt Perquisitioun gouf doropshin 2018 duerchgefouert. Bei dëser gouf eng grouss Unzuel u voyeuristeschen, extrem pornografeschen an och e puer kannerpornografesche Biller fonnt. Ënner anerem hat den Ugekloten awer och doheem an der Toilette eng Kamera installéiert, a seng Fra a sech, ouni där hiert wësse beim Geschlechtsverkéier gefilmt. Familiär Problemer huet hien hei als Grond uginn.
Ënnert den dausende vu Filmer, déi um Computer fonnt goufen, hunn d’Beamten da bei der Analyse festgestallt, dass bei verschiddene Lëtzebuergesch geschwat gouf. Ze gesi ware Meedercher a Vestiairen an a Gemeinschaftsduschen. Duerch dës Decouverte konnt e Lien zu enger anerer Persoun, déi d’Videoen eropgelueden hat, gemaach ginn. Bei dëser handelt et sech ëm e fréiere Fussball- a Volleyballtrainer. 2020 gouf och bei dësem eng Perquisitioun duerchgefouert.
Hei koum eraus, dass de fréieren Trainer Meedercher an de Vestiairen an an den Duschen nom Sport gefilmt huet. Awer och Opnamen, déi auswäerts a Vestiairë gefilmt goufen, konnte saiséiert ginn. Hien huet dës awer net just selwer gekuckt, mä se och am Internet diffuséiert. Doriwwer eraus war hie bei den Noperen, wou hien de Schlëssel hat, an d’Haus gaangen, an huet digital Fotoe vun engem mannerjärege Meedchen do geklaut.
De Resumé vun der Riichterin: "Dat si Saachen, déi muss Dir traitéiere loossen". Et schéngt, wéi wa si dovunner ausgeet, dass de Mann, bei deem de Expert Trouble pédophile diagnostizéiert huet, den Eescht vun der Situatioun nach net wierklech erkannt hätt.