Affer: "Hien huet méi wéi 3.000 Biller a Videoe vu mir gemaach"
Viru Geriicht steet e fréiere Volleyball-Trainer, deen heemlech Biller vu mannerjärege Meedercher gemaach huet. D’Haaptaffer erzielt hir Geschicht.
Ech treffen d’Anna* an engem Café an der Stad. Viru mir sëtzt eng jonk staark Fra vun 23 Joer. Op den éischte Bléck gesäit een hir net un, wat si déi lescht 3 Joer duerchgemaach huet. Elo ass si bereet, iwwert dat ze schwätzen, wat si erlieft huet an erzielt eis déi ganz Geschicht.
Et ass Enn Februar 2020. Et steet iwwerall an den Noriichten: "Enquête géint Volleyball-Trainer lancéiert wéinst kannerpornografeschem Material." De Mann soll heemlech an den Duschen an an de Vestiairë gefilmt hunn an d’Biller duerno am Internet verbreet hunn.
Fir d’Anna e Schock. Si spillt deemools Volleyball a freet sech, wien dat kéint sinn. Hirem Trainer schreift si dee Moment eng SMS "Weess du wien dat Aarschlach ass?" Eng Äntwert kritt si op déi Noriicht net, hiren Trainer ass dee Moment nämlech schonn an Untersuchungshaft.
Relativ séier war fir d’Anna a hir Ekipp kloer, dass et hiren eegenen Trainer ass, deen iwwerall an de Medie steet. "Natierlech ass et en eeklegt Gefill, wann ee weess, dass een nom Training an den Dusche gefilmt gouf. Mee et war eis ganz Ekipp. Mir waren all betraff. Dat war iergendwéi nach net esou schlëmm", erzielt d’Anna.
De richtege Schock réischt knapp 1 Joer méi spéit
"Am Februar 2021 sinn ech op de Policebüro geruff ginn. Ech duecht mer schonn, dass ech einfach eng Ausso maache muss zu de Biller aus de Vestiairen. Schlussendlech souz ech awer méi wéi 3 Stonnen do."
D’Anna war nämlech net nëmmen an den Duschen a Vestiairë gefilmt ginn. Ronn 3.600 Videoen a Fotoen huet dem Anna hiren Trainer vun hir gemaach, am Darknet verbreet an dat iwwer méi wéi 6 Joer. Den Trainer ass nämlech de Papp vum Anna hirer beschter Frëndin. Iwwer Jore ware si wéi eng zweet Famill fir d’Meedchen. Si ass bei hirem Trainer Doheem an an aus gaangen.
Deemno existéieren nach ganz aner Fotoe vum Anna. "Et si Fotoen aus der Vakanz, Fotoen aus menger Kummer, wou ech mech anescht undinn an nach eng ganz Partie méi. Dee Mann huet meng ganz Entwécklung op senge Biller festgehalen." D’Fotoen an d’Videoe ginn nämlech bis an déi Zäit zeréck, wou d’Anna knapp 12 Joer al ass.
Fir déi jonk Fra vun deemools 21 Joer e Schock. "Ech hunn all d’Fotoe gesinn. Ech hunn iwwerall misse confirméieren, dass ech dat op de Biller sinn. No méi wéi 3 Stonne sinn ech aus dem Policebüro gaangen an hunn am Auto gekrasch. Mee réischt owes, wou ech am Bett louch, hunn ech et richteg realiséiert."
E puer Deeg drop geet d’Anna déi éischte Kéier bei eng Psychologin. Déi jonk Fra fillt sech net méi sécher. Iwwerall, wou si sech anescht undeet oder duscht, iwwerpréift si, ob net awer iergendwou Kamerae sinn. "Souguer doheem hunn ech mech net méi sécher gefillt." An och mat hirem deemolege Frënd gëtt et komplizéiert. D’Anna huet d’Vertrauen an d’Männer verluer, hannerfreet souguer déi, déi et gutt kennt a wëll sech net méi upake loossen.
"Et huet gedauert, mee iergendwann konnt ech rëm ënner Leit goen an och nei Mënsche kenneléieren. Ech mengen dat Schlëmmst war einfach, dass den Trainer a seng Famill, wéi eng zweet Famill fir mech waren an ech ni geduecht hätt, dass e Mënsch eng komplett aner Säit kéint hunn. A genau déi Angscht hat ech duerno bei villen anere Leit."
Eng grouss Hëllef ass et bis haut nach, dass déi ganz Volleyballekipp zesummenhält an déi betraffe Meedercher a Frae sech austausche kënnen. Mee och an hirem Ëmfeld fënnt si vill Halt a Versteesdemech. "Am Ufank konnt ech net wierklech driwwer schwätzen, mee ech hu gemierkt, dass et mir gutt deet an d’Leit mech ënnerstëtzen."
"Endlech en Ofschloss"
Dëse Méindeg steet de Volleyball-Trainer da viru Geriicht. D’Anna ass gestresst. An awer gesäit si dëst och positiv: "Ech hoffen, dass et nom Prozess endlech eriwwer ass an ech e Stréch drënner zéie kann. Et ass eng Aart Ofschloss, och wann et net vergiess ass."
D’Anna wäert hie viru Geriicht dann och déi éischte Kéier rëmgesinn. Déi jonk Fra huet sech awer dorop preparéiert, huet sech d’Geriicht vu bannen ugekuckt an alles mat hirer Affekotin a Psychologin duerchgespillt.
"Heiansdo wënschen ech mir, mir hätten déi amerikanesch Gesetzer"
Och wann d’Anna de Mann elo déi éischte Kéier rëmgesäit, hätt si och dobaussen op hien treffe kënnen. No e puer Méint Untersuchungshaft war den Trainer nämlech rëm op fräiem Fouss a konnt rëm schaffe goen. "Hien huet d’Liewe vu senger Famill zerstéiert an eis dat ugedoen an awer kéint ech theoretesch iwwerall op en treffen. Heiansdo iwwerleeën ech schonn, éier ech op e Fest ginn, ob kee Risk besteet, hien do ze gesinn."
D’Anna fënnt et net richteg, dass hien no esou enger Dot, déi iwwer Jore gelaf ass einfach säi Liewe weiderliewe kann. "D’Gesetzer missen einfach méi streng sinn. Et gi Momenter, do wënschen ech mir, mir wieren an den USA an e géif iwwer Jore wechgespaart ginn."
Genee dowéinst huet d’Anna sech entscheet, hir Geschicht ze erzielen. "Dat ka jidderengem geschéien. Et soll een elo net paranoid ginn. Mee et weist awer och, dass een net jidderengem vertraue kann."
*D’Redaktioun huet den Numm vun der jonker Fra geännert.
Wann och Dir eppes anleches erlieft hutt an Är Geschicht mat eis deele wëllt, mellt Iech gären op dossier@rtl.lu.
Wou kritt een Hëllef?
Kanner a Jugendlecher kënne sech um Kanner- a Jugendtelefon um Nummer 116111 mellen.
Erwuessener kënnen op den Nummer 45 45 45 vun SOS Détresse uruffen.
En Iwwerbléck op d'Ulafstellen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, fënnt een um Internetsite: www.prevention-suicide.lu