
Déi fréier Mataarbechterin vun der CNS wier sech der Gravitéit vun de Faiten net bewosst, sou den Androck vun der Vertriederin vum Parquet. Bal 10 Joer laang soll déi Ugekloten eng 2 Milliounen Euro vun der CNS detournéiert hunn. Vun dëse Sue solle si an hire Mann, sou wéi och e laangjärege Kolleeg a säi Partner profitéiert hunn. D’Magistratin huet 3,5 Joer Prisong, zum Deel mat Sursis an ënner Oplage fir déi Inculpéiert gefuerdert. Géint hire Kolleeg, dee vun Ufank un vun den Dote gewosst soll hunn, well e Suen op säi Konto iwwerwise krut, freet de Parquet dann 3 Joer Prisong, och mat deelweis Sursis ënner Oplagen. Déi zwee sollen ënner sech ofgemaach hunn, dass hie Suen iwwerwise kritt, an d’Hallschent un déi fréier CNS-Mataarbechterin zréckiwwerweist. Dës soll Prestatiounen erfonnt hunn, an déi da rembourséiert hunn. Eng Kontroll ass et intern net ginn.
En Dënschdeg schonn hat, dem Wort no, d’Vertriederin vum Parquet un den Aussoe gezweiwelt, dass d’Liewenspartner, déi indirekt mat vun de Sue profitéiert hunn an deenen hier Matriculle genotzt goufen, näischt vun der Dot gewosst sollen hunn. Besonnesch well vun deem Montant vun 2 Milliounen Euro d’Koppele jeeweils tëscht 5.000 a 6.000 Euro méi de Mount zu hirer Dispositioun haten, wéi dat soss de Fall war. D’Uklo fuerdert fir si 2,5 Joer Prisong mat méiglechem Sursis.
Net iwwerraschend gesinn d’Verdeedeger vun den Inculpéierten dës Strofen als ze héich. De Parquet wéilt en Exempel statuéieren, sou den Affekot vun der fréierer CNS-Mataarbechterin. Dofir, dass hire Mann vun den illegalen Aktivitéite gewosst soll hunn, géing et keng Preuve ginn, sot dësem säin Affekot. Hie wier net Co-Auteur vun der Dot, mä éischter als Kompliz unzegesinn, huet dann den Affekot vum Kandheetskolleeg vun der Ugekloter betount.
D’Urteel gëtt den 13. Juli gesprach.