Zwou Wochen, éier den Delai ofgelaf ass, huet d'Petitioun Nummer 2749 déi néideg Ënnerschrëften um Petitiounssite vun der Chamber zesummekritt.

En ADAPTO-Service, dee wierklech funktionéiert, dat fuerdert eng Petitioun, déi elo déi néideg Ënnerschrëften zesumme krut.

Knapp 5.000 Leit hu se bis ewell ënnerschriwwen. 4.500 ass de Minimum, fir datt et an der Chamber zu engem ëffentlechen Debat kënnt. Dës Legislatur ass dat awer net méi de Fall, dat gouf scho vun der Chamber annoncéiert.

Den ADAPTO ass jo e Service fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, kee fir eeler Leit, déi altersbedéngt Aschränkungen hunn. Ënnert anerem dat gëtt ëmmer nees kritiséiert.