Wéinst méigleche Metallstécker"Brotaufstrich Spinat-Walnuss" vun der Mark Alnatura gouf zeréckgeruff

RTL Lëtzebuerg
Am "Brotaufstrich Spinat-Walnuss" vun Alnatura kéinte Metallstécker enthale sinn.

Dat deelt d’Veterinär- a Liewensmëtteladministratioun an engem Schreiwes mat. Vum Réckruff betraff ass de “Brotaufstrich Spinat-Walnuss” an der Verpackung vun 135 Gramm mat de Mindesthaltbarkeetsdatumer vum 28.02.2024, 28.04.2024 an 28.05.2024, mam Code barre 4104420143944.

De Produit gouf zu Lëtzebuerg a verschiddene Geschäfter verkaaft.

Wann een d’Stécker aus Metall consomméiert, besteet de Risk vum Erstécken a vun ënnerleche Blessuren.

Back to Top
CIM LOGO