Am PortraitWien ass d'Barbara Agostino?

Mariette Zenners
Nodeems de Max Hahn d’Successioun vun der Corinne Cahen am Familljeministère iwwerhëlt, réckelt d’Barbara Agostino fir hien an der Chamber no.
Portrait Barbara Agostino
Déi 40 Joer al Geschäftsfra war schonn op der DP-Lëscht bei viregte Walen. Si wëll sech awer elo voll an der Politik engagéieren.

Ville Leit seet deen Numm vläicht näischt. Déi 40 Joer al Geschäftsfra war schonn op der DP-Lëscht bei viregte Walen. Si wëll sech awer elo voll an der Politik engagéieren a krut dann och d’Vertraue vun hirer Partei. Déi geléiert Pedagogin huet zanter 2011 ee Reseau vu Crèche geréiert.

2020 stoung si an der Ëffentlechkeet, well de Bau vun enger Crèche, déi si zu Huewel wollt bauen, gestoppt ginn ass. Dem Ëmweltministère no ware wäertvoll Biotopen zerstéiert ginn.

2019 huet d’Barbara Agostino hir Crèche verkaaft a sech zejoert ganz aus dëser Aktivitéit zréckgezunn. Si huet sech dunn hiren Dram vum eegene Restaurant op der Fouer erfëllt.

D’Barbara Agostino ass mat der Grénger Europadeputéiert Tilly Metz bestuet a well am Hierscht och mat an d’Chamberwale goen. Ambitionéiert fir ze wannen war di fréier Fussballspillerin wuel nach ëmmer.

Si gouf e Sonndeg bei de Gemengewalen als 18. vun 19 Vertrieder zu Péiteng an de Gemengerot gewielt mat 1.007 Stëmmen.

RTL-NEWS: D’Barbara Agostino réckelt fir Max Hahn an der Chamber no
Klickt hei, fir op den RTL-Walsite ze kommen

Back to Top
CIM LOGO